Mënschenhandel: EU-Kommissioun wëll méi haart virgoen

RTL - 19.06.2012, 13:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.06.2012, 13:57

Mënschenhandel: D'EU-Staate sollen esou Delikter iwwert d'Grenzen ewech méi séier kënne suivéieren an d'Affer besser protegéieren.

Eng entspriechend Propositioun huet d'EU-Innekommissärin Cecilia Malmström um Dënschdeg zu Bréissel virgestallt. All Joer ginn honnertdausende vu Leit an der EU verschleeft. 3/4el vun den Affer mussen als Prostituéiert schaffen, anerer musse schwéier kierperlech Aarbechte maachen oder gi gezwongen heeschen ze goen. Meeschtens sinn et Fraen a Meedercher, déi géint hire Wëlle verschleeft ginn.