Ecofin: Bei Finanztransaktiounssteier ass ee sech net eens
RTL - 23.06.2012, 05:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.06.2012, 07:00 | 3 Commentaire(n)
Déi 27 europäesch Finanzminister goufe sech net eens, fir déi Steier anzeféieren. Elo wëllen 10 Länner eleng op dee Wee goen. Ouni Lëtzebuerg.

E Freideg waren déi 27 EU-Finanzministeren um Kierchbierg beieneen an do war d'Finanztransaktiounssteier ee Sujet, iwwer deen een net eens gouf. Groussbritannien a Schweden sinn strikt dergéint.
Lëtzebuerg mécht net mat, wann se net all matmaachen, huet de Luc Frieden am RTL-Interview widderholl.
Eng 10 Länner, dorënner Däitschland, Frankräich an Éisterräich wëllen d'Steier awer aféieren.Finanztransaktiounssteier ass dout. (22.06.2012)
Déi 27 Europäesch Finanzminister goufe sech net eenz, fir déi Steier anzeféieren. Elo wëllen 10 Länner eleng op dee Wee goen. Ouni Lëtzebuerg.
Spuenien huet iwwerdeems ugekënnegt, dass et e Méinden d'Demande mécht fir eng Finanzhëllef, mat där de spuenesche Bankesecteur soll stabiliséiert ginn.
Antëscht huet d'Europäesch Zentralbank ugekënnegt, dass si de Banke Geld zu nach bessere Konditioune wëll léinen, fir neien Driff op de Kreditmaart ze kréien.
Italien, Frankräich, Däitschland a Spuenien sinn sech eens, dass 1% vum europäesche PIB soll mobiliséiert gi fir den economesche Wuesstem.
4 Schwéiergewiichter verschreiwe Wuesstem
Däitschland, Frankräich, Italien a Spuenien souzen e Freideg zu Roum beieneen, fir de Sommet Enn nächster Woch ze preparéieren. Déi 4 Schwéiergewiichter setzen op Wuesstem, fir der Kris ze begéinen. 120 bis 130 Milliarde wieren néideg, fir déi néideg Croissance ze stimuléieren.
D'Sue sollen duerch d'europäesch Investitiounsbank kommen, déi jo gestäerkt gëtt, duerch sougenannt Project Bonds, dat si gemeinsam Prêten, fir Infrastrukturen ze finanzéieren, oder duerch europäesch Fongen, déi nach zur Verfügung stinn.

Äre Commentaire