EU-Sommet: Merkel an Hollande hu Positiounen ofgestëmmt
RTL - 28.06.2012, 06:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.06.2012, 07:15
D'Bundeskanzlerin Angela Merkel an de franséische President Hollande hu kuerz virum EU-Sommet hir Positiounen openeen ofgestëmmt.

Beim Treffen e Mëttwochowend zu Paräis hunn déi zwou Säite betount, dass fir d'éischt d'Wirtschafts- an d'Währungsunioun an dono déi politesch Unioun misst verdéift ginn. Eng weider Erklärung gouf et no der Entrevue net.
Bei hirem Sommet zu Bréissel wëllen d'Staats- a Regierungscheffe vun den EU-Länner en Donneschdeg a Freideg iwwer Ausweeër aus der Scholdekris beroden.
Ënnert anerem gëtt erwaart, dass d'EU-Länner de Kapital vun der Europäescher Investitiounsbank ëm 10 Milliarden Euro opstocken. Donieft beschäftegen sech d'Politiker mat de Virschléi, déi ënnert der Leedung vum EU-Rotspresident Herman van Rompuy ausgeschafft goufen, fir d'Weiderentwécklung vun der Währungsunioun weider ze hëllefen.
Donieft soll jo och eng Entscheedung iwwert de Poste vum neien Eurogruppechef falen.
Sommet, Euro a Juncker (27.06.2012)
Vill Froen fir den EU-Sommet Enn der Woch zu Bréissel. Et geet ëm d'Zukunft vun Europa an em déi vum Staatsminister. Bleiwt hin elo awer Chef vum Eurogroupe ?
