Wiessel bei der Presidence vum Conseil an der EU
RTL - 01.07.2012, 18:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.07.2012, 10:30 | 1 Commentaire(n)
Vun e Sonndeg un wiesselt d'Presidence vum Conseil an der EU: Zypern iwwerhëlt fir 6 Méint den EU-Virsëtz vun den Dänen.

Fir de klengen Inselstaat ass et eng schwiereg Zäit: Virun e puer Deeg huet e jo missen Hëllef aus dem Eurorettungsfong ufroen an ass dat 5. Land dat vun dëse Mesurë muss profitéieren.
Ee vun de wichtegste Punkten um Ordre du Jour bis Dezember, gëtt et deen nächste Finanzkader vun der EU vun 2014 bis 2020 un d'Stoen ze kréien, awer och déi europäesch Bankensurveillance ze preparéieren.
Um éischten Aarbechtsdag vun der zypriotescher EU-Presidence, ass och d'EU-Troika op der Insel, fir d'Staatsfinanzen ënnert d'Lupp ze huelen: an enger éischter Phase de Bankesekter. Alleng d'Privatbank „Popular Bank of Cyprus“ brauch 1,8 Milliarden Euro fir d'Rekapitaliséierung.

Äre Commentaire