EZB: Historeschen Déif vum Leetzëns op 0,75%

RTL - 05.07.2012, 06:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.07.2012, 19:13

D'Europäesch Zentralbank huet um Donneschden iwwert en historesch déiwen Niveau vum Leetzëns decidéiert. Dee läit elo bei 0,75%

D'Zil ass et der Konjunktur an der Eurozone neien Driff ze ginn an d'Betriber an d'Geschäftsleit motivéieren Sue léinen ze goen. Den RTL-Wirtschaftsexpert Claude Arend schwätzt vun engem symbolesche Schrëtt. D'EZB hätt ënner Drock missten eppes maachen. Wierklech ze mierken dierft d'Baisse réischt a 6 Méint, engem Joer sinn.

 AUDIO: Op d'Fro wat geschitt wann dës Decisioun net duergeet? seet de Claude Arend. »

D'Zënsen op den Immobilieprêten vun de Privatleit ginn duerch dës Baisse vum Leetzëns iwwregens net automatesch erof. D'Banken sinn nämlech net forcéiert d'Decisioune vu Frankfurt un hir Cliente weiderzeginn.


Historesch déif Zënsen ... och fir d'Clienten? (06.07.2012)
D'Europäesch Zentralbank huet d'Zënsen op 0,75% erof gesat. Kritt dat och e positiven Impakt fir de Client? D'Banke kommen op jidder Fall méi bëlleg u Geld.