Eurogrupp: Juncker bleift Chef, wuel bis Ufank 2013
RTL - 10.07.2012, 03:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.07.2012, 07:53 | 28 Commentaire(n)
Op der Reunioun vum Eurogrupp e Méindeg zu Bréissel gouf de Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker als Chef erëmgewielt.

Hien hätt awer net d'Intentioun, sou laang op deem Posten ze bleiwen, hie géif d'Mandat spéitstens um Ufank nächst Joer ofginn, sot de Lëtzebuerger Premier no der Reunioun géint 3 Auer um Dënschdegmoien.
"Ech maache dat, wat ech gefrot gouf an dat ouni vu Freed an d´Luucht ze sprangen", sou de Premier.
Een Accord fir déi Zäit dono gëtt et net.
|
Zanter 2005 ass de Jean-Claude Juncker Chef vum Eurogrupp.
Fir seng Successioun hat sech deen däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble interesséiert, Frankräich hat awer signaliséiert, datt een de Juncker gären als säin eegenen Nofolger geséich: "Mir geséichen de JCJ gären als Nofolger vum JCJ", hat vrun der Reunioun de franséische Finanzminister Moscovici de Journaliste gesot. Säi Wonsch sollt an Erfëllung goen ...
De JCJ mécht dat dann elo nach eemol sechs Méint, fir eng Kontinuitéit an enger turbulenter Zäit z'assuréieren. An: Hie géif hoffen, dat et net nach eng Kéier sou laang dauert, wéi dës Kéier, ier ee fir de Poste fonnt gëtt, sou de Premier nach no der Reunioun vum Eurogrupp.
De Jean-Claude Juncker am ITV (10.07.2012)Op der Reunioun vum Eurogrupp e Méindeg zu Bréissel gouf de Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker als Chef erëmgewielt. |
Mersch op Frankfurt ...
Am Géigenzuch huet den Eurogrupp acceptéiert, de Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank, den Yves Mersch (62), fir den Directoire vun der Europäescher Zentralbank ze proposéieren. Fir do de Spuenier Gonzalez Paramo z'ersetzen, deen am Mee vu sengem EZB-Posten zeréckgetrueden ass.
D'Konditioun Yves Mersch ass awer net einfach esou duerchgaangen, sou den Jean-Claude Juncker nach ... De Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank dierft dann den Dënschdegmoien am Conseil vun den EU-Finanzministeren (Ecofin) offiziell nominéiert ginn.
Dëst hat de Premier als "conditio sine qua non" formuléiert, fir weiderzemaachen, nodeems en ewell gesot hat, hie wéilt net Chef vum Eurogrupp bleiwen.
Säi aktuellt Mandat wier elo nach just bis de 17. Juli gelaf.
Eurogrupp proposéiert Yves Mersch (09.07.2012)fir den Directoire vun der Europäescher Zentralbank. Domatter wär d'Konditioun erfëllt, datt de Jean-Claude Juncker säi Euro-Chef-Mandat verlängert. |
Wat Spuenien betrëfft, gouf am Eurogrupp decidéiert, den Delai, fir säin Defizit erofzesetzen, géif ëm ee Joer verlängert – dat awer gëtt u verschidde Konditioune geknäppt. Spuenien muss beispillsweis een Zweejores-Budgetsplang virleen.
Eng nächst Tranche fir Griichenland gouf net festgeluecht, doriwwer soll am Hierscht diskutéiert ginn.

Äre Commentaire