Juncker+Frieden: Gaston Reinesch wier gudde Mersch-Nofolger
RTL - 10.07.2012, 15:08 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.07.2012, 07:03 | 27 Commentaire(n)
Lëtzebuerger Zentralbank: De Gaston Reinesch huet gutt Kaarte fir Nofolger vum Yves Mersch ze ginn. E gëtt vum Premier an den héchsten Téin gelueft.

Den Yves Mersch gouf um Dënschdeg de Moie formell vum Conseil vun den 27 EU-Finanzministere fir de Posten am Directoire vun der Europäescher Zentralbank proposéiert. Hie kann awer nach net direkt zu Frankfurt ufänken. Elo mussen d'Staats a- Regierungscheffen dës Nominatioun offiziell unhuelen, dat nodeems d'Europaparlament konsultéiert gouf. No der Reunioun vun de Finanzministeren zu Bréissel sot um Dënschdeg de Mëtteg de Lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden: Des Prozedur géif nach bis September/Oktober daueren.
Bis dohin soll en neien Zentralbankchef zu Lëtzebuerg genannt ginn.
Ob d'Fro, ob hien Nimm fir de Posten nenne kéint, sot de Luc Frieden, hie kéint sech eng Persoun wéi de Gaston Reinesch gutt virstellen. De Gaston Reinesch wier duerch seng Experienz op nationalem an europäeschem Plang gutt qualifizéiert, sou de Luc Frieden. Doriwwereraus wieren zu Lëtzebuerg vill qualifizéiert Leit an et wier kee gréissere Problem de Posten un der Spëtzt vun der BCL ze besetzen.
|
|
De Premier Jean-Claude Juncker huet den administrateur général am Finanzministère en Dënschdegowend an den héchsten Téin gelueft.
Hie wier ee vun den intelligentesten a brillantste Lëtzebuerger déi hie géif kennen, sot de Staatsminister am Interview op Télé Lëtzebuerg. Hien hätt dës Impressioun schonn zanter Méint jidderengem an der Regierung matgedeelt.
De Gaston Reinesch ass den Ament Administrateur Général am Finanzministère an och President vum Conseil d'Administration vu BGL BNP Paribas..


Äre Commentaire