"EU Kids Online": Kanner viru Risiken um Internet schützen
RTL - 15.07.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.07.2012, 18:04
"EU Kids Online": Eng Ëmfro huet erginn, datt 12% vun de Kanner déi europawäit online ënnerwee sinn, éischter schlecht Erfahrungen um Internet maachen.

An enger moderner Welt, wou d'Kommunikatioun an den Internet zum alldeegleche Bestanddeel gi sinn, ass ouni Zweiwel net ze evitéieren, dass dës Plattform een ëmmer méi jonke Public unzitt. An der Moyenne kommen d'Kanner mat 7 Joer eng éischte Kéier mam Internet a Kontakt.
Am Kader vun „EU Kids Online“goufen iwwer 23.000 Kanner am Alter tëscht 9 an 16 Joer an hir Elteren, aus 33 EU Länner befrot. De But vun der Etude, sou den André Melzer, Member vun „EU Kids Online Lëtzebuerg“ ass et net nëmme Resultater ze erzielen.
D' Ëmfro huet erginn, datt 12% vun de Kanner déi europawäit online ënnerwee sinn, éischter schlecht Erfahrungen um Internet maachen.
Fir d'Sécherheet vun de Kanner am Internet ze garantéieren, ass an éischter Linn d' Mediatioun ee wichtegen Aspekt. Dofir sollte Sujete wéi de Cyberbullying, de sougenannte Mobbing, keen Tabuthema an de Famillje bleiwen. Och hei bäi, sollen d'Elteren een oppent Ouer hunn.
Fir d' Kanner an déi Jugendlech präventiv ze schützen an op Geforen am Internet opmierksam ze maachen, gëtt an Zukunft staark op déi europäesch Kommissioun gebaut, déi Drock op verschidde Provider vu soziale Medie kann ausüben.

