Juncker: Eurozone brauch haaptberuffleche Finanzminister

RTL - 30.07.2012, 07:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.07.2012, 14:04 | 41 Commentaire(n)

De Jean-Claude Juncker ass der Meenung dass d'Eurozone een haaptberufflechen europäesche Finanzminister brauch.

D'Erfahrung géif weisen, dass esou ee Posten néideg ass, seet hien um Méindeg am Interview mat der Süddeutsche Zeitung.

De President vum Eurogroupe warnt virun engem Zerfall vun der Euro-Zone. D'Euro-Länner wieren op engem Punkt ukomm, wou se mat alle Mëttel mussen däitlech maachen, dass se Finanzstabilitéit wëlle garantéieren. 

Hie sot sech iwwerzeegt datt déi lescht 6 Méint vu sengem Mandat als Eurogruppe Chef déi spannendst wäerte ginn.

D'Geriets iwwer een Austrëtt vu Griichenland aus der Eurozone, sollt ophéieren, esou een Austrëtt géif net zu senger Aarbechtshypothese gehéieren a souwisou wieren domat d'Problemer net geléist.

De Jean-Claude Juncker huet fir déi nächst Deeg Decisiounen annoncéiert, wat d'Euro-Rettungsmesuren ugeet. Et schéngt esou ze sinn, dass den Euro-Rettungsfong via europäesch Zentralbank Staatsobligatioune keeft.

An deem Interview huet de Jean-Claude Juncker och d'Fro gestallt, wisou sech Däitschland géif de Luxus erlabe, permanent Innenpolitik a Saachen Euro ze maachen a firwat Däitschland géif d'Eurozone ewéi eng Filiale behandelen. Eenzel däitsch Politiker sollte méi oppassen wat se soen.

A prompt scho gouf et eng Reaktioun vun der CSU aus Bayern:

Hire Generalsekretär Alexander Dobrindt huet d'Fro gestallt ob de Jean-Claude Juncker no esou Aussoen nach weiderhi fir säi Poste gëeegent wär.

Et wär un Onverfruerenheet net méi z'iwwerbidde wann de Jean-Claude Juncker Däitschland als Deel vum Problem géif duerstellen.

Den CSU Chef Horst Seehofer huet sech den Aussoe vu sengem Generalsekretär ugeschloss.


D'Alternativen déi et den Ament an Europa ginn fir aus der Kris eraus, sinn all net schéin, dat schreift de fréiere britesche Premier Tony Blair e Méindeg an der Bild-Zeitung, mä senger Meenung no ass déi bescht Alternativ fir Europa a virun allem fir Däitschland, fir sech drun ze ginn, den Euro ze retten.

Den Euro elo opzeginn, dat wier eng Katastroph op der ganzer Linn. Fir d'Währungsunioun ze retten, misst Däitschland säin Akkord ginn, fir d'Scholden op all Schëlleren ze verdeelen, esou wéi och déi sougenannte 5 Wirtschaftsweisen an Däitschland proposéiert hunn.

D'Länner a Schwieregkeeten, esou den Tony Blair misste Reformen decidéieren a sech och un d'Zäitpläng fir si ëm ze setzen, halen.

D'USA schénge sech och Suergen ze maachen. De Finanzminister Timothy Geithner gëtt um Méindeg vum däitsche Finanzminister op deem senger Vakanzdestinatioun Sylt empfaangen, duerno reest hie weider op Frankfurt bei den EZB-President Draghi.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!