V. Kauder guer net averstane mat Kritik vum J.-C. Juncker

RTL - 31.07.2012, 06:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 31.07.2012, 10:55 | 45 Commentaire(n)

D'Uniouns-Politiker an Däitschland weisen d'Kritik vum Eurogruppe-Chef Jean-Claude Juncker schaarf zréck. Däitschland wier den "Zahlmeister" an Europa.

De Fraktiounschef Volker Kauder seet um Dënschdeg an der Bild-Zeitung, de Jean-Claude Juncker hätt besser déi griichesch Regierung opzefuederen, hiren Obligatiounen nozekommen. Däitschland giff den Euro ënnerstëtzen, wéi soss kee Land an Europa. De Jean-Claude Juncker hat jo an engem Interview mat der Süddeutsche Zeitung Däitschland virgeworf, permanent Innepolitik a Saachen Europafroen ze maachen an d'Eurozon wéi eng Filiale ze behandelen.

D'CSU hat dorpshinn e Méindeg de Chef vum Eurogrupp kritiséiert an him indirekt de Récktrëtt proposéiert.

De Michael Fuchs, Fraktiounsvize vun der Unioun, seet um Dënschdeg an der Passauer Neuen Presse, datt de Jean-Claude Juncker sech misst bewosst sinn, ween „Zahlmeister“ an Europa wier. Déi Däitsch iwwerhuele bal 30% vun der Haaptlaascht vun der Kris, mat Tendenz no uewen. Den Här Juncker an d'Lëtzebuerger hätten et am Géigesaz dozou einfach, mengt de Michael Fuchs, hire finanzielle Bäitrag fir d'Eurokris ze packen wär lächerlech kleng.

 

An der Diskussioun ëm ee weideren Ëmgang mat der Krise an der Eurozon, huet de Vizepremier an Ausseminister Jean Asselborn en Dënschdegmoien am ARD Morgenmagazin fir ee méi groussen Engagement vun der europäescher Zentralbank plädéiert.

D'EZB wär dee beschte Programm deen d'Eurozon hätt fir géigen ze steieren, an där Bank séize keng Finanzjongleuren.

Iwwer déi divergent Vue mat Däitschland iwwer d'Verdeelung vun de finanzielle Laaschte vun der Kris, sot de Jean Asselborn, datt Däitschland scho vill gemaach hätt, mä wann Däitschland géif denken, ouni den Euro géif et him besser goen, da wier dat extrem geféierlech.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!