EZB: De Leetzëns bleift onverännert bei 0,75%

RTL - 02.08.2012, 06:36 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.08.2012, 19:22 | 13 Commentaire(n)

Wéi erwaart gëtt net um Leetzëns an der Eurozon gefréckelt a bleift onverännert um Rekorddéif vun 0,75%.

Dëst huet de Conseil vun der Europäescher Zentralbank um Donneschdeg zu Frankfurt decidéiert.

Suen an Europa sinn den Ament sou gënschteg wéi zanter der Aféierung vum Euro am Joer 1999 net. Op d'mannst emol fir d'Banken.

Dogéint gëtt zanter Deeg driwwer spekuléiert, dass d'EZB massiv Staatsemprunte wëll opkafe vu Länner wéi Spuenien an Italien. Denkbar wier eng gemeinsam Aktioun vun EZB an dem Euro-Rettungsfong EFSF.

Ënner Ëmstänn kéint de Chef vun der Europäescher Zentralbank Mario Draghi säi Plang en Donneschdegmëtteg presentéieren.

Déi amerikanesch Ratingsagence Standard & Poor's huet d'Solvabilitéit vum Euroland Zypern weider erof gesat, vun zwee mol B+ op einfach zwee mol B. Domat läit Zypern schonn zwee Niveauen ënnert der Grenz, déi allgemeng als „Ramsch-Niveau“ bezeechent gëtt. D'Emprunte vum Land ginn domat als héich spekulativ ugesinn an d'Investisseure lafe Gefor hir Suen ze verlueren.

D'Experte soen dass et onwahrscheinlech ass, dass d'Verhandlungen iwwert d'Finanzhëllefe fir dat héich verschëlten Euroland mat der Europäescher Unioun, der EZB an dem IWF bis September kënne mat Succès ofgeschloss ginn. Et geet ëm een Hëllefspak vun eelef Milliarden Euro. Zypern verhandelt den Ament och mat Russland iwwer Hëllefskreditter.

Zu Athen hunn d'Verhandlungen tëscht der griichescher Regierung an den Experte vun der Troika ugefaang. Et geet ëm Detailer vum Spuerprogramm an Héicht vun 11,5 Milliarden Euro. Een erfollegräichen Ofschloss vun dëse Verhandlungen ass d'Viraussetzung fir weider international Hëllefe fir Griichenland.

 

Eng exzellent Note krut Däitschland vun der Ratingsagence Standard&Poor's an huet d'Solvabilitéit vun Triple-A konfirméiert. D'Ratingsagence hält fest, dass Däitschland eng zollitt a kompetitiv Economie huet, déi gewisen hätt, dass se schwéier economesch a finanziell Schwieregkeete ka verkraften. Däitschland hätt souwuel d'Reunifikatioun wéi och d'Rezessioun 2009 gemeeschtert.

Déi aner grouss Ratingsagence Moody's dogéint hat d'Bewäertung vun der däitscher Bonitéit méi kritesch gesinn an den Ausbléck fir eist Nopeschland op negativ gesat.


EZB : an der Roll vum Euro-Retter, zu wellechem Präis? (02.08.2012)
Den Euro ass irreversibel .. sou de Mario Draghi, President vun der Europäescher Zentral Bank de Mëtteg. D'EZB kéint weider Staatsobligatioune opkafen.



Ass den Euro nach ze retten ? (01.08.2012)
D'Wierfelen dierften am September falen,
d'Roll vun der EZB ass decisiv.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!