Éisträich: Länner, déi net matspillen, aus Eurozon geheien
RTL - 17.08.2012, 10:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.08.2012, 11:46
Den éisträicheschen Ausseminister Spindelegger fuerdert, datt Länner, déi sech net un d'Spillregelen halen, aus der Eurozon erausgehäit kënne ginn.

Et misst e gesetzleche Mechanissem geschaf ginn. Ännerung an der europäescher Verfassung géifen awer hir Zäit brauchen. Den Ausseminister schwätzt vun engem Zäitraum vu 5 Joer. Länner, déi gutt do stinn, wéi beispillsweis Lëtzebuerg, Däitschland oder Holland, mengt hien. Allerdéngs brauch ee fir eng Verfassungsännerung Unanimitéit.
De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn sot eis op Nofro, datt et keng Gespréicher tëscht Eisträich a Lëtzebuerg gouf. Lëtzebuerg wier an Europa do fir z'integréieren an net fir ze splécken, sou de Vizepremier.
Och an der grousser Vakanz an der Provence an um Vëlo geet de Jean Asselborn op den Telefon.

Hien dementéiert kategoresch, hien hätt mam Michael Spindelegger iwwer en Euro- Eraus-Puch-Mechanissem geschwat.
De Jean Asselborn gëtt ganz séier ganz prinzipiell, wann et ëm Europa geet, wou jo grad déi méi konservativ Politiker an Däitschland an an Eisträich an der Lëscht ëmmer fuerderen, et misst ee Länner wéi Griechenland lass ginn.
Déiselwecht Klack laut de Jean Asselborn géint dat, wat säi finneschen Homolog proposéiert huet, nämlech e Szenario ze plangen fir wann d’Eurozon ausernee fiert. Ob esou eppes soll et keng Energie verschwenden, mee et soll ee besser seng Energie asetzen fir déi aktuell Euro-Kris ze léisen.Finnland prett fir Explosioun vun Eurozon
Finnland preparéiert sech sengersäits op d'Ausernanerbrieche vun der Eurozon an den Ausseminister Erkki Tuomioja fuerdert déi aner europäesch Staats- a Regierungscheffen an Europa an engem Zeitungsinterview an der britescher Press op, dat selwecht ze maachen. Zwar géif sech keen a Finnland wënschen, datt den Euro ausernee brécht, mä et misst ee sech prett halen, seet de Sozialdemokrat. D'Finnen hätte scho praktesch Pläng ausgeschafft. Wann d'Eurozon géif ausernee briechen, géif dat senger Meenung no net d'Enn vun der EU bedeiten, déi kéint doduercher ënner Ëmstänn souguer besser funktionéieren. Op d'Situatioun a Griichenland ugeschwat, sot den finneschen Ausseminister, et wier un de Griichen ze decidéieren, ob se am Euro bleiwe wëllen oder net.
De finneschen Europa-Minister huet sech haut vis-a-vis vun dësen Aussoen distanzéiert. Finnland géif voll a ganz zum Euro stoen, sot den Alexander Stubb. D'Spekulatiounen vum Ausseminister géifen net d'Positioun vun der Regierung erëmspigelen. Finnland ass iwwregens dat lescht Euro-Land dat en Top Triple A-Rating huet.
