EU: All Land muss säi Budget mat Bréissel ofstëmmen

RTL - 06.09.2010, 07:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.09.2010, 20:19 | 19 Commentaire(n)

Eng Finanz- an Transaktiounssteier steet am Mëttelpunkt vun der Reunioun vun de Finanzminister um Dënschdeg zu Bréissel.

Däitschland, Frankräich an Eisteräich sin dofir, datt d'EU dat noutfalls aleng mécht.

Virun allem Grousbritannien ass do dergéint. Och déi europäesch Kommissioun huet éischter Bedenken – wëll esou eng Steier d'Finanzéierungskäschten fir Entreprisen a Regierungen an d'Luucht dreiwen kéint.

Um Ordre du jour vun de Finanzminister steet och eng Bankesteier. An Däitschland, Frankräich an Groussbritannien ass dës Taxe schonns um Instanzewee.

Et gëtt awer bis elo bei de 27 Memberlänner keen Accord fir eng europawäit Bankesteier. Et ginn Differenzen doriwer, wéi héich dës Taxe soll sinn an och, wou d'Suen sollen agesat ginn.

Bréissel ass dofir, dat dës Recetten an ee Fong fléissen, dee geholl gëtt fir Banken, déi finanziell Problèmer hunn, ofzewéckelen.

Eens si sech d'Finanzministeren iwwerdeems, datt an Zukunft een europäescht Semester soll agefouert ginn.

Dat heescht, datt vum nächste Joer un, all Land bis den Abrëll déi grouss Linne vum Staatsbudget zu Bréissel areecht a vun der Commissioun an den EU-Finanzministeren ofseene léisst.


EU-Krisemanagement e gutt Stéck virukomm (07.09.2010)
Eng EU-Finanztransaktiounssteier bleiwt europäesch Zukunftsmusék. Ok fir Ofstsëmmung vun den nationale Budgten an EU-Kontroll vu Banken, Assurancen a Boursen.


D'Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung

 Lëtzebuerg bleift bei senger Positioun, d'Banken nëmmen dann zousätzlech ze taxéieren, wann all déi aner Länner aus der Europäescher Unioun matmaachen.

U sech ass et einfach eng Diskussioun, bei där souguer e Konsens ënnert de Leit besteet, datt d'Banken hire Bäitrag leeschte mussen, fir nei Krisen z'evitéieren, seet de Luc Frieden. Wann een awer bis op de Fong vun der Saach geet, fänkt et un komplizéiert ze ginn.
Wann et ëm déi wirtschaftlech Konsequenzen op e Land oder Europa geet, da géifen et vill Schwieregkeete ginn, déi an den nächste Méint a Joren international mussen diskutéiert ginn.

De Luc Frieden rechent also domadder, datt et nach Joren dauert, bis datt d'Iddi vun enger Finanztransaktiounssteier eng Chance huet sech duerchzesetzen. Si kann an Europa selwer net fonktionnéieren, wann net all grouss Finanzplaze matmaachen. Dernieft misst definéiert ginn, op wat si genee géif opgehuewe ginn.

Wat d'Bankesteier betrëfft, ginn et och nach ëmmer ganz ënnerschiddlech Opfaassungen, wat mat de Suen hanneno gemaach gëtt. De Lëtzebuerger Finanzminister ass, genee wéi och d'Lëtzebuerger Zentralbank, der Meenung, datt se sollen an e Fong fléissen, deen am Fall vun enger neier Faillite asprange kann. Dat geet awer nëmmen, wann een europäesch Regelen huet, sou de Luc Frieden. Ee mat risikoräichem Behuele soll anescht besteiert ginn wéi een mat engem klassesch-konservative Bankgeschäft.

 AUDIO: De Luc Frieden »


Den Europäesche Kader feelt generell, kritiséiert de Luc Frieden, deen och derfir plädéiert, datt fir all nei Mesuren de wirtschaftlechen Impakt genee gemooss gëtt. E gewëssenen Zäitdrock d'Mossnahmen séier ëmzesetzen, gesäit de Finanzminister net.

De Luc Frieden begréisst donieft, datt all Memberland vum nächste Joer un am Fréijoer déi grouss Linnen vu sengem Staatsbudget zu Bréissel arreechen an do ofseene loosse muss. Dat heescht awer net datt Bréissel an Zukunft diktéiert, wéi d'Land seng Suen ausgëtt an dëst "europäescht Semester" ännert och näischt Fundamentales um Pouvoir vun der Lëtzebuerger Regierung an der Chamber. Den eigentleche Budget gëtt wéi bis ewell am Hierscht opgestallt.


Verschäerfte Sanktiounen bei ze héijem Defizit

E Méindeg war zu Bréissel an engem Arbechtsgroupe vu Ministeren iwwert verschärfte Sanktiounen géint Länner mat ze héichem Defizit diskutéiert ginn.

Den EU-Kommissaire Olli Rehn huet sech fir automatesch Sanktiounen ausgeschwat.

Och de Lëtzebuerger Premier an Chef vum Eurogroupe, Jean-Claude Juncker huet sech dofir ausgeschwat, dat d'Länner méi séier misste bestroft ginn.


Wat ass eng Bankesteier?

De Jhemp Bertemes huet bei der Bankenassociatioun nogefrot, wat dat iwwerhaapt ass. A wien aus hirer Siicht déi Steier am Endeffekt bezilt.

Och hei wier et nees de Client, dee bezilt, an zwar jiddwer Client. Och kéint et gutt sinn, dass d'Leit manner Krediter géife kréien, seet de Jean-Jacques Rommes vum ABBL. Awer fir d'éischt erkläert hien eis mol, wat sou eng Bankesteier ass.

Jean-Jacques Rommes: Eng Bankesteier ass eng Steier, déi spezifesch nëmme Banke betrëfft. Et muss ee jo wëssen, all Betriber bezuele jo Steieren an do gëtt et e principe de l'égalité devant l'impôt, nodeem all Betrib awer och all physesch Persoun ëmmer d'selwescht wéi eng aner behandelt gëtt, déi an der selweschter Situatioun ass. Hei wär awer lo eng Steier, déi seet Banke wären aner Betriber wéi déi aner, also mussen d'Banken eng aner Zort Steier bezuelen.

Allerdéngs ass et nach net kloer wéi déi soll bemiess ginn. Onkloer ass och, wat mat deem Geld duerno soll geschéien.

Jean-Jacques Rommes: z.B. wëllen eis franséich Noperen, fir de Staatsbudget domatter ze fëllen, an eis däitsch Noperen déi wëllen esou eng Steier fir e sougenannte Resolutiounsfong opzeleeën, d.h. fir Geld um Koup leien ze hunn, wann emol eng Kéier an der nächster Finanzkris, wann eng sollt kommen, dass de Staat da kann hëllefen, ouni dass deen an déi eegen Täsch gräife muss.

Wann ee lo d'Bankgeschäft iwwer Steiere besonnesch verdeiert, da wier et normal, dass och d'Servicer, déi dës Bank ubidd, méi deier ginn, sou de Jean-Jacques Rommes weider.

Jean-Jacques Rommes: Oder fir et anescht auszedrecken, wann een elo eng Bankesteier aféiert, da kéint et sinn dass Banken doduercher manner rentabel sinn, an d'Banken doduercher manner Kapital um Maart fannen, an doduercher manner Kredit ginn. Dat huet also schonn ekonomesch Repercussiounen. Dofir muss een et mat enger gewësser Virsiicht maachen, an et muss een et virunallem flächendeckend maachen.

Et kéint een net sou eng Steier an engem Land aféieren, an am aneren net, soss géifen d'Banken an hir Clienten einfach an d'Nopeschland lafen, sou de Jean-Jacques Rommes weider. Dofir wier et immens wichteg eng global Léisung ze fannen.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!