CSV-Europadeputéierten: Stroossbuerg net schwaarz oder wäiss
RTL - 23.12.2009, 18:14 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.01.2010, 12:37 | 8 Commentaire(n)
Am Europaparlament ass nach laang net alles gutt, awer och nach laang net alles schlecht, soen déi 3 CSV-Europadeputéiert Lulling, Engel a Bach.

Wat d'Europaparlament ugeet, ass net alles gutt, et ass awer nach laang net alles schlecht an dann hänkt et och dervunner of, wat een aus de Méiglechkeete mécht. Dat ass graff resüméiert eng Ausso vun den 3 Lëtzebuerger CSV-Europadeputéierten, déi d'Presse um Mëttwoch invitéiert haten, fir kuerz virum Joeresenn zeréck a no vir ze kucken.
Ënnert dem Stréch mécht d'Aarbecht am Europaparlament Freed, sou de Georges Bach, fir deen et net ëmmer einfach ass, zu Lëtzebuerg dat eriwwerzebréngen, wat am Europaparlament gemaach gëtt, derwäert wier et awer schonns ...
Wat 2010 ugeet, sou d'Astrid Lulling, huet mat déi wichtegst Erausfuerderung fir d'Lëtzebuerger Europadeputéiert eppes mat der Finanzplaz ze dunn ...
Bei all anerer Decisioun ass Lëtzebuerg ee Vull fir d'Kaz, sou d'CSV-Europadeputéiert.
Fir hire Parteikolleg Fränk Engel ass d'Bewältegung vun der Finanzkris eng vun de groussen Aufgaben, bei där och d'Europaparlament matupake muss. A wa vu Spuere geschwat gëtt, géifen et och am Europaparlament Méiglechkeeten ...
Eng aner Idee vum Fränk Engel ass, datt d'EVP-Europadeputéiert aus dem Benelux, am ganze sinn et der 13, méi enk zesummeschaffen - eng Idee, déi elo mol mautsche muss.


Äre Commentaire