Europaparlament: Aktiounsplang "Manner Affer am Verkéier"
RTL - 27.09.2011, 07:43 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.09.2011, 19:50
250 Fligeren, genee esou vill Leit sinn op den europäesche Stroossen bei Verkéiersaccidenter ëmkomm. Bréissel huet elo en Aktiounsplang ausgeschafft.

Dat wier dann eng Recommandatioun – hei soll näischt vu Bréissel imposéiert ginn, seet de Rapporter am Parlament, den Dieter Koch vun der däitscher CDU. Verschidden Tempo-Virschrëften an enger Uertschaft – dat kann och Duerchenee ginn, seet de CSV-Europadeputéierten Georges Bach, deen zu Stroossbuerg Member an der Verkéierskommissioun ass. Datt Tempo 30 eng wichteg Mesure ass, doriwwer si sech d'Deputéiert eens – och driwwer, dat d'Promill-Grenzen sollten eenheetlech an Europa sinn.
Tatsaach ass, datt et sech hei net ëm eng Recommandatioun, mee ee Gesetz géing handelen – dat heescht, déi Limite misst och zu Lëtzebuerg agefouert ginn. Proposéiert get och ABS fir Motorieder, ee Commemoratiounsdag fir d'Affer – wéi et en zu Lëtzebuerg scho gëtt.
