Europaparlament: Europa als Mark am Touriste-Secteur

RTL - 27.09.2011, 12:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.09.2011, 11:48

Europaparlament: Zu Bréissel gëtt un engem Tourismus-Konzept geschafft, fir Europa weltwäit als Mark am Secteur z'etabléieren. Dat ass net sou einfach.

Ronn een Zéngtel vun de Salariéen an der Europäescher Unioun schaffen am Tourismus. Et geet wéi ëmmer ëm eng Kampagne fir ze sensibiliséieren, mee och ëm ganz praktesch Saachen, déi all Tourist concernéieren. Zum Beispill ëm d'Klassifikatioun vun Hotelen. An ëm d'Fro, ob ee Stär a Frankräich genee esou vill wäert ass ewéi zu Lëtzebuerg? Ënnert der Regie vu Bréissel schaffen déi national Verbänn drun, de System ze harmoniséieren Et geet och, seet den CSV-Europadeputéierten Georges Bach, ëm esou banal Saachen ewéi d'Formulairen, déi een am Hotel ausfëlle muss. Et ass net einfach virunzekommen. Am Tourismus ass ee Land, deem anere säi Konkurrent. Eng Harmoniséierung ass do net onbedéngt gefrot. Zum Beispill, wann et ëm d'TVA geet – do wier se néideg, seet de Georges Bach. Tatsaach ass, datt et do am Ablack grouss Ënnerscheeder gëtt...ee Beispill: an der Hôtellerie läit d'TVA zu Lëtzebuerg bei 3 Prozent, an Däitschland bei 7, an Italien bei zéng an an England bei 20 Prozent. Europa als Touristemark – dat heescht och, dat op Alternative muss gesat ginn, dorop weist den däitsche Gréngen, Michael Cramer hin. Den Tourismus mécht am Ablack an der europäescher Unioun 10 Prozent vum PIB aus.