Barroso: Propose fir Finanztransaktiounstaxe um Dësch
RTL - 28.09.2011, 10:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.09.2011, 06:38
Groussen Dag am Europaparlament: De Kommissiounspresident Barroso hält seng Ried zur Lag vun der Unioun. D'EU wier an enger Vertrauenskris.

Am Europaparlament gouf dann de Reformpak fir méi Budgets-Disziplin an der EU gutt geheescht. 6 Directive krute gréng Luucht mam Zil eng nei Scholdekris wéi a Griichenland ze verhënneren . Et sinn zum Beispill méi haart Sanktioune fir Länner virgesinn, déi hire Budgets-Defizit net ënner Kontroll kréien.
An Tëschenzäit klammen d'Chance vu Griichenland op eng weider Hëllefstranche an Héicht vun 8 Milliarden Euro. En Donneschdeg reesen d'Experten vun der EU-Kommissioun, der europäescher Zentralbank an dem internationale Währungsfong op Athen. Wa si hiren Accord ginn, kéinten d'Euro-Finanzminister am Oktober eng weider Kéier zesumme kommen an hiren Accord gi fir d'Geld ze iwwerweisen. Am anere Fall wier Athen Enn Oktober Faillite.
EU Kommissioun proposéiert Finanztransaktiounssteier. (28.09.2011)Déi Steier kéint eng 55 Milliarden Euro d'Joer era bréngen, sou de President vun der EU Kommissioun de Moien virum Europa Parlament. |

