Europaparlament: 20 Joer no Rio Bilan vu Klimaziler maachen
RTL - 29.09.2011, 07:37 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.09.2011, 06:38
Europaparlament: D'Präparatioune fir déi nächst international Konferenz iwwer Klima an Ëmweltschutz, déi "Rio plus 20" heescht, lafen op vollen Touren.

Am Juni 2012 invitéiert d'Uno – nees eng Kéier op Rio an do sollen ambitiéis Ziler festgehalen ginn, geet et den Europaparlamentarier no. Déi lescht 20 Joer waren net positiv fir d'Ëmwelt, seet den Jo Leinen vun der Sozialistescher Fraktioun.
Eng nohalteg Entwécklung misst nach eng Kéier nei probéiert ginn. D'Leitmotiv wier do eng nohalteg Ekonomie – dat gesäit och de Gréngen Europadeputéierten Claude Turmes esou, virun allem wier ee méi effizienten Emgank mat de Ressourcen néideg. Och am Beräich vun den erneierbaren Energien misste konkret Ziler festgehale ginn. Europa muss zu Rio mat enger Stëmm schwätzen – dat war eng vun de Conclusiounen am Europaparlament
