Europaparlament: Eng besser Technik fir méi Emweltschutz

RTL - 10.03.2009, 11:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.03.2009, 16:34

Eng besser Technik fir méi Emweltschutz an ënnert dem Strech och manner Käschten, dorems gung et um Dënschdegmoien am Europaparlament.

D'Reglement, dat vum Europaparlament ugeholl gëtt, beweegt sech am Kader vun allen Mesüren, déi am Kontext EU-Klimapak an den ënnerschiddlechste Beräicher geholl goufen.
Héi geet et wéi gesot elo ëm Autoen, déi méi sécher sin a Pneuen, déi méi propper rullen. Dës nei Regelung ass ee wichtege Schrëtt no fir, sou den Andreas Schwab vun der EVP.

5% Sprit op d'mannst kenne gespuert ginn an dat an deems méi rollresistent Pneuen an Drockmiesser bei Autoen a Camionen agebaut ginn.
Wat d'Sécherheet bei den Autoen ugeet, soll den ESP bis 2011 serieméisseg an all Auto agebaut sin.