Europaparlament: Suergen iwwert tschechesch EU-Presidence
RTL - 25.03.2009, 12:09 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.03.2009, 09:41
Mir hoffen, datt d'Demissioun vun der Regierung zu Prag keng Auswierkungen op d'Presidence huet, sou den Europaparlamentspresident Pöttering.

Mir hoffen, datt d'Demissioun keng Auswierkungen op d'Presidence huet, sou den Europaparlamentspresident Hans Gert Pöttering um Ufank vun der Sëtzung.
D'Presidence ass assuréiert, alles ass a geuerdnete Bunnen, sou den tschecheschen Premier Mirek Topolanek, deen eigentlech zu Strosbuerg war, fir d'Parlament iwwert den EU-Sommet vu leschter Woch ze informéieren.
Et gesäit also duerno aus, wei wann den tschecheschen President Vaclav Klaus d'Neiwahlen erréicht fir méi speit am Joer usetze wäert an d'Regierung Topolanek d'Geschäfter an domadder och d'EU-Presidence weiderféiert.
Datt eng Regirung während hir EU-Presidence esou a Schwieregkeeten geréit, ass ganz rare an der Geschicht vun der EU.
An et ass bestemmt keen positivt Signial, sou d'DP-Europadeputéiert a fréier Ausseministesch d'Lydie Polver.
D'Zukunft vum EU-Traité vu Lissabon ass dann och méi ongewëss gin. Den tschecheschen President Klaus huet nach net ënnerschriwwen a seng europasekptesch Positioun ass duerch d'Demissioun vun der Regirung Topolanek op alle Fall net méi schwaach ginn.
