Europaparlament: Keng Nanotechnologie bei Iess/Schminksaache
RTL - 26.03.2009, 14:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.03.2009, 09:41
Kosumenteschutz: D'Deputéiert hu sech fir méi Sécherheet bei Parfum, Schminksachen a Liewensmëttel agesat an dat an den Ofstëmmungen zum Ausdrock bruecht.

Nanotechnologie huet Zukunft. Et ass eng Technologie mat klengsten Substanzen oder Materialien, si ass mat bloussem Aan net ze erkennen, ma ënner Ëmstänn ka sie awer béis an d'Aa goen.
Dofir soen d'Europadeputéiert, elo mol, STOPP zu där Technologie, op d'mannst wann et em Iess- oder Schminksaachen geet, Saachen also, déi direkt mam Mensch a Kontakt kommen.
Doriwer eraus muss ee kucken, wou a wéi een déi Technologie asetze kann, sou den Europadeputéierten Claude Turmes vun déi Gréng.
Dat wat fir d'Schminksachen zielt, gëlt och fir Liewensmëttel. Am Prinzip soll op Nanotechnologie verzicht ginn. Wann et net anescht geet, muss dann och bei den Iess-Sachen drop stoen datt mat Nanotechnologie geschafft gouf. Déi nei Bestëmmunge mussen eloo offiziel vun der europäescher Unioun publizéiert ginn an dann trieden se a Kraaft.
