EU-Sommet: Wirtschafts- a Finanzkris am Mëttelpunkt
RTL - 18.03.2009, 11:58 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.03.2009, 09:40
Um EU-Sommet en Donneschden an e Freiden zu Bréissel stinn d'Moossname fir d'Wirtschafts- a Finanzkris ofzefiederen am Mëttelpunkt.

Dem Premier Jean-Claude Juncker no, ass den europäesche Konjunkturpak vun 3,4 bis 4% vum europäesche PIB héich genuch.
Ier iwwer nei Finanzsprëtze geschwat gëtt, sollt ee mol bis Enn vum nächste Joer ofwaarden, fir ze gesinn, wéi di aktuell Moossname gräifen.
Eng Fro um Sommet ass déi, wéi wäit di 27 Staaten europäesch denken, oder op wéinst der Kris protectionnistesch Tendenzen opkommen.
