EU-Sommet: Et geet och ëm d'Personalfro Barroso

RTL - 17.06.2009, 17:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.06.2009, 12:13

Am spéide Nomëtteg en Donneschdeg fänkt de Juni-Sommet vun de 27 EU Staats- a Regirungscheffen un, dee bis en Freideg dauert.

Et geet e.a. nach mol ëm d’Konséquenze vun der Wirtschaftskris, an et geet ëm eng bedeitend Personalfro, ëm de Posten vu Kommissiounspresident. Et gëtt den Ament eng offiziel Kandidatur, an dat ass déi vum aktuelle President José-Manuel Barroso, deem säi Mandat nach just bis November dauert.

De „Président sortant“ wënscht sech vun desem Sommet, datt et op mannst eng politesch Deklaratioun zu senge Gonschte gëtt. Dat mam Zil fir datt am Juli schon, d’EU Parlament iwwer d’Nominatioun vum José-Manuel Barroso, kéint ofstëmmen.

An deem neien EU Parlament, dat sech dee nächste Mount constituéiert, ass deen aktuelle Kommissiounspresident awer ëmstridden, sou de sozialisteschen Europadeputéierten, Robert Goebbels.

Nieft der Persoun Barroso ass och den Zäitpunkt Juli fir seng Nominatioun controverséiert. De Parlamentspresident Hans-Gerd Pöttering, wäert d’Staats- a Regirungscheffen an deem Sënn informéieren, huet de Grengen Europa-Deputéierten Claude Turmes erklärt.

Virun enger Nominatioun, misst virtéischt bekannt sinn, sote béid Europadeputéiert, op de Lissabon Traité och an Irland, greng Luucht krutt, an et gëtt bisdohinn op Géigekandidature zum Barroso gehofft.

Ier déi iresch Regierung awer deen zweete Referendum organiséiert, mussen déi aner 26 den Iren, op desem Sommet virtéischt nach Garantie ginn, dorënner déi datt d’Land seng Neutralitéit kann halen, an och souverain a Steierfroe bleift.

Hierscht wäert et och ginn, bis Décisiounen iwwer eng Reguléirung vun den europäesche Finanzmärt fällt. Op desem Sommet soll d’Basis dovu gesat ginn. An am Kontext vun der Wirtschaftskris, soll um Sommet och iwwer nei Piste geschwat ginn, fir méiglechst vill Aarbeschtsplazen z’erhalen. D’Marschroute ass also kloer, mee wéi ëmmer d’Arrivée nach net.