EU Sommet ass riwwer
RTL - 17.12.2008, 15:56 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.02.2009, 11:47
Den EU-Sommet zu Bréissel ass riwwer. D’Staats- a Regierungscheffen hu sech op deenen dräi grousse Punkte gëeenegt.

Klima a Konjunktur stinn um ablecklechen EU-Sommet ganz uewen um Programm. An der Lutte géint d'Wirtschaftskris, d'Eurozone ass jo schonn an der Rezessioun, hu sech d'europäesch Staats- a Regierungscheffen um Sommet zu Bréissel op den 200 Milliarden Euro Konjunkturpak gëeenegt. Dat si ronn 1,5% vum europäesche PIB. D'Memberlänner selwer gi, mat 170 Milliarden, dat meescht. D'Europäesch Investitiounsbank BEI setzt hier Krediter em 30 Milliarden rop. Déi national Programmer, also dee franséichen Konjunkturpak zum Beispill, ginn ugerechent. All Mesure vu Lëtzebuerg ginn ugerechent.
Aus Diplomatekreeser heescht et, datt op Drock vum Däitschland notamment, eng méiglech Baisse vun der TVA aus dem vierleefegen Ofschlossaccord gestrach ginn ass.
Am fréien Freideg Nomëtteg war et dann d'Nouvelle, datt sech d'Staats- a Regierungscheffen och op de Klimaaccord gëeengt hunn, fir bis 2020 20% manner CO2 ze produzéieren. Sträit gouf et virun allem bei der Opdeelung wéivill all Land seng Emissiounen erofsetze muss an doriwwer, datt d'CO2-Zertifikater déi bis lo gratis waren, vun der Industrie musse bezuelt ginn. Um Sommet gouf dowéinst ee Kompromëss fesgehal. Déi déck Loftverknaschter, also Länner déi eng déck Industrie hunn, wéi Däitschland zum Beispill, mussen net aléng fir d'Käschten vum CO2 opkommen.