EU-Sommet: Südkorea ënnerschreift Akkord fir fräien Handel

RTL - 06.10.2010, 08:06 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.10.2010, 08:08

Zu Bréissel sinn EU Sommeten mat China a mat Südkorea. De südkoreanesche President Lee Myung Bak ënnerschreift um Mëttwoch en Akkord fir de fräien Handel.

Vu Mëtt 2011 un, solle veschidden Taxen op béide Säite gestrach ginn. D’EU soll sech dann och hiren Drok op Nordkorea verstäerken.

Duerno gëtt de chinesesche President Wen Jiabao zu Bréissel erwaart. China fuerdert vun der EU, dass de Waffenembargo opgehuewe gëtt an dass China bannen engem Joer als Maartwirtschaft unerkannt gëtt.

Als Géigeleeschtung soll China ënner anerem der EU hëllefen, den Atomprogramm vu Nordkorea ze stoppen.