3. August 2012: De Prënz Louis feiert säi 26. Gebuertsdag!

RTL - 03.08.2012, 06:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.08.2012, 12:31 | 9 Commentaire(n)

Den 3. August 1986 gëtt de Prënz Louis als 3. Kand vun der groussherzoglecher Koppel an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte gebuer.

© Cour Grand-Ducale/Lola Velasco
De Prënz Louis Xavier Marie Guillaume, wéi hie mat sengem ganzen Numm heescht, huet 3 Bridder (den Ierfgroussherzog Guillaume, de Prënz Felix an de Prënz Sébastien) an eng Schwëster (d'Prinzessin Alexandra).

Den 29. September 2006 bestiet de Prënz Louis d'Tessy Antony, déi duerch dës Hochzäit den Titel als Prinzessin kritt. Zesummen huet d'Koppel 2 Jongen, de Prënz Gabriel (gebuer 2006) an de Prënz Noah (gebuer 2007).


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!