TDF 2010: Zeremonie zu Lëtzebuerg net ausgeschloss

RTL - 23.02.2012, 06:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.02.2012, 06:58

Wann den Andy seng Victoire vum TDF 2010 offiziell confirméiert kritt, dann ass den Direkter, de Christian Prudhomme, fir eng Zeremonie zu Lëtzebuerg.

Den Direkter vum Tour de France, de Christian Prudhomme, gouf an engem Interview mat der belscher Zeitung „Le Soir“ gefrot op et eng Zeremonie géif gi fir den Andy Schleck, wann déi international Vëlosfederatioun de Lëtzebuerger als Gewënner vum Tour de France 2010 confirméiert hätt.

Dorop äntwert de Chef vum Tour wann dat offiziell wier, hätt hie gär datt déi Zeremonie zu Lëtzebuerg ass, fir dem Andy Schleck seng Victoire ze legitiméieren, och wann den Andy den Tour léiwer um Vëlo well gewannen.

De Spuenier Oscar Perreiro deen den Tour 2006 gewonn huet, nodeems de Floyd Landis wéinst Doping gespaart gouf krut säin offizielle gielen Trikot och a senger Heemecht an net zu Paräis.