Mangen a Socimmo: Problemer bei 2 Chantiere beim Staat

RTL - 23.05.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.05.2012, 09:49 | 13 Commentaire(n)

No Faillite vun de Baufirme Mangen a Socimmo: Beim Staat sollte si dräi Chantiere maachen, dorausser gouf awer an zwee Fäll näischt.

Et si puer Méint hier, datt d'Baufirme Mangen a Socimmo faillite gemaach hunn. Ee groussen Deel vun de fréiere Salariéen ass an Tëschenzäit éierens anescht ënnerkomm, ma eng aner Fro ass, wéi et mat de Projeten ass, fir déi sech déi zwou Entreprisen engagéiert haten. Beim Staat sollten si dräi Chantiere maachen, doraus gouf an zwee Fäll näischt.

Kee Problem gouf et zu Bartreng Mamer, wou déi nei Europaschoul gebaut gëtt. Eng vun deenen zwou Firmen war do um Schantjen bedeelegt, mä et war eng Association momentanée an déi aner Entreprisen hunn déi Aarbecht einfach mat iwwerholl.

Anescht war d'Situatioun am Prisong zu Schraasseg an am Lycée technique zu Esch. Do hunn déi Firmen iwwerholl, déi bei der Soumissioun déi Zweet goufen, wéi de Bauteminister Claude Wiseler erkläert.

Datt d'ëffentlech Hand bei Soumissiounen e schwaarzt Schof geréit, ka se net ausschléissen, si huet iwwert d'Gesetz awer Mëttel fir de Risiko ze minimiséieren. An och déi finanziell Situatioun léisst sech op d'mannst zum Deel iwwerpréiwen.

Bei Mangen a bei Socimmo war dat net ganz duer gaang, mä wéi gesot, ganz ausschléisse kann een dee Risiko eben ni.


 

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!