ALIN: Schwammmeeschtere verschwannen aus Schoulschwammen

RTL - 24.05.2012, 12:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.05.2012, 17:33 | 73 Commentaire(n)

Nom 15. September solle keng nei Schwammmeeschtere fir Schoule méi agestallt ginn, si solle laangfristeg aus dem Schoulschwamme verschwannen.

200 Schwammmeeschtere ginn et den Ament hei am Land. Si schaffen an 41 Piscinnen an halen och iwwer 80% vun de Schwammstonnen an der Grondschoul. Nach, well et gëtt e Gesetzprojet, dee mat sech bréngt, datt d'Schwammmeeschtere laangfristeg aus dem Schoulschwamme verschwannen.

D'FGFC-ALIN, d'Associatioun vun de Schwammmeeschteren, huet elo op enger Pressekonferenz op dee Problem opmierksam gemaach. Nom 15. September 2012 solle keng nei Schwammmeeschtere méi agestallt ginn, déi Schoulschwammen halen. Déi, déi et elo enseignéieren, dierfen dat weider, ma déi nei dierfen dat dann awer net méi. D'Schwamme gëtt also ëmmer manner vun hinne gehalen, sou de Jupp Grüneisen, de President vun der ALIN. 

D'Schwamme gehéiert awer u sech zur Tâche vum Schoulmeeschter respektiv der Léierin. Laangfristeg hale just nach si d'Schwammen, respektiv d'Chargéen, wann d'Léierpersonal eng Decharge freet, mengen d'Schwammmeeschteren, déi vun der Ministesch Mady Delvaux ignoréiert ginn, wéi si selwer soen.

Reaktioun Mady Delvaux

D'Educatiounsministesch Mady Delvaux huet op d'Kritik vun de Schwammmeeschtere reagéiert. Si berifft sech drop, datt an der Grondschoul den Enseignant all d'Fächer giff enseignéieren, dat wär de Prinzip, an dorënner fält deemno och d'Schwammen.

Wann een iwwer d'Schwammmeeschteren diskutéiert, misst een allgemeng d'Fro stellen, ob een e spezialiséierten Enseignant an der Grondschoul wéilt.

Dat Ganzt wier eng Fro, déi prinzipiell misst beim Bilan vun der Reform diskutéiert ginn, net nëmme mat de Schoulmeeschteren, mä och mat de politesche Parteien. Ass d'Schwammen e Fach wéi en anert oder ass et anescht a verdéngt e separaten Enseignant?

Fix wär souwisou nach näischt. E Gesetzprojet wär um Instanzewee an den Ament beim Staatsrot, sou d'Mady Delvaux.


ANIL/FGFC: Maacht d'Schwammen an der Grondschoul net futti! (24.05.2012)
Madame Minister, maacht d'Schoul-Schwammen an der Grondschoul net futti. Dat fuerdert haut d'Associatioun vun de Schwammmeeschter zesumme mat der FGFC.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!