Schwamm-EM: J.-F. Schneiders packt olympesch B-Norm net
RTL - 25.05.2012, 06:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.05.2012, 11:44
De Jean-François Schneiders goung e Freideg op der Schwamm-EM an Ungarn iwwer 200m Réck un den Depart, verpasst do awer d'B-Norm fir d'Olympesch Spiller.

Kuerz no him war et de Raphaël Stacchiotti deen iwwert d'100m Papillon am Asaz war. Hie schléit no 55,9 Sekonnen un a weess soumat, dass hien fir d'400m-Disziplin gutt gerëscht ass. E Sonndeg ass hien iwwert déi Distanz um Depart. Hie probéiert sech e Sonndeg un d'Olympesch A-Norm runtaaschten, déi bei 4:16,46 Minutte läit. Uganks Mäerz hat hien déi Zäit zu London ëm 2,5 Sekonne verpasst.
Neie Rekord fir de Laurent Carnol
Fir de Laurent Carnol war et e verséinlechen Ofschloss vun der EM. Hien ass déi 50m Broscht an 28,57 Sekonne geschwommen, a bleift domatter 0,02 Sekonnen ënnert sengem eegenen Nationale Rekord.

