Accident op der A3: Camion getippt, Chauffer uerg blesséiert
RTL - 25.05.2012, 11:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.05.2012, 17:41
Accident am Beetebuerger Kräiz an der Bretelle vun der A3 a Richtung Lëtzebuerg eriwwer op d'A13 a Richtung Péiteng: E Camion ass ëmgetippt.

Geschitt ass den Accident kuerz no 10 Auer um Freidegmoien.

Nach bis e Samschdeg ass d'Bretelle fir vun der A3 eriwwer op d'A13 ze fueren, wéinst den Opraumaarbechten, gespaart. D'Deviatioun geet duerch de Rondpoint Helleng.

D'Ambulanz an de Sauvetage vun Diddeleng, d'Pompjeeën an de Samu vun Esch, d'Ponts & Chaussées an d'Police waren op der Plaz.
