Projet Wickreng: Kee Minister bei BCEE-Kredit intervenéiert
RTL - 25.05.2012, 16:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:48 | 23 Commentaire(n)
Kee Minister huet intervenéiert, datt e Promoteur am Kader vum Projet Wickreng e Kredit krut, äntwert de Premier Juncker op eng Fro vum Deputéierte Meisch.

Sou en Drock huet et net ginn, seet de Staatsminister Jean-Claude Juncker am RTL-Interview wéi och a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro - weder op de Grupp Rollinger, fir de Projet Wickreng falen ze loossen, nach op d'Spuerkeess, fir dem Grupp Rollinger e 16 Milliounen-Euro-Prêt ze ginn.
Den Inneminister hätt sech just eng Kéier bei der Spuerkeess iwwer d'Modalitéite vun deem Prêt informéiert.
|
Op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Claude Meisch äntweren de Premier Juncker, de Finanzminister Frieden, den Inneminister Halsdorf an de Wirtschaftsminister Etienne Schneider ënnert anerem:
"Aucun ministre n'est intervenu en faveur de l'octroi d'un crédit à un promoteur dans le cadre du projet Wickrange.
Plusieurs mois après l'octroi du crédit visé par la question parlementaire, le Ministre de l'Intérieur et à la Grande Région s'est renseigné auprès du directeur général de la Banque et Caisse d'Épargne de l'État sur les modalités du prêt, et cela suite aux doléances lui exprimées par le promoteur au sujet des conditions du crédit.
La banque a confirmé au ministre que le dossier avait été traité dans les conditions usuelles de la banque pour ce type d'opérations. Les conditions n'ont pas été modifiées par la suite."
Exklusiv-Interview mam Guy Rollinger
Et gouf keng Erpressung duerch de Premier - confirméiert an engem Exklusiv-Interview fir Radio an Telé-Lëtzebuerg den Entrepreneur Guy Rollinger. Dee wëll jo wéint de Projeten Wickreng a Léiweng eng Plainte géint de Flavio Becca maachen, deem de Guy Rollinger awer näischt an de Mikro soe wollt.
Wickreng-Léiweng: De Guy Rollinger preziséiert ... (25.05.2012)... ënner anerem seng Plainte déi en géint den Flavio Becca well areechen... |
Fir et direkt ze soen: nom Gespréich mam Guy Rollinger ass villes kloer, awer nach net alles.
Den Här Juncker huet mech ni erpresst, de Projet Wickreng opzeginn, seet de Guy Rollinger. A soss seet hien näischt iwwer dee Sujet.
E weist just ëmmer op de faméise confidentielle Bréif vun den 3 Ministeren, wou eben de Saz dra steet „le Gouvernement soutient fermement la réalisation d’ un projet d’ensemble“ um Site Léiweng an de Guy Rollinger gëtt ze verstoen, datt ee Froen, firwat d’Regierung de Projet Léiweng esou ferm ënnerstëtzt hätt, dach w.e.g der Regierung stelle soll a net him. Fir de Rescht ännert de Guy Rolligner näischt u senger Formel „fortement invité“ mat all hire Sous-entenduen.
Wat Léiweng ubelaangt ass elo kloer, datt de Groupe Rollinger do ni matmaache wollt. De Guy Rollinger ass nëmmen an d’Léiweng Development SA mat eragaang, fir 8%. Déi Gesellschaft ass scho mat Retard constituéiert ginn an da sollt de Guy Rollinger seng 8% ofginn, esou bal de PAP fir Léiweng fäerdeg wier a fir déi Cessioun vun den 8% sollt hien 21,5, Millioune kréien, als Compensatioun fir hir Verkafsflächen zu Wickreng, déi hien opginn huet. Et gëtt nach kee PAP, déi 21,5 Millioune sinn net bezuelt ginn an de Guy Rollinger ass nach ëmmer mat 8% an eppes, wou e guer net well dra sinn. Uewendrop hätt de Flavio Becca sech och u kéipweis Engagementer net gehale, déi hien mam Guy Rollinger agaang wier: deen hätt net déi néideg Renseignementer kritt, déi versprache Cooperatioun hätt net geklappt an d’ Bilanë wiere net mat Zäit fäerdeg ginn. De Guy Rollinger léisst duerchblécken, datt et nach aner déck Doléance gëtt, mee déi kéimen da vläit viru Geriicht zur Sprooch. D’Plainte iwwregens, déi gëtt eréischt déi nächst Woch agereecht.
Wat de Spuerkeess-Prêt iwwer 16 Millioune ubelaangt krut de Groupe Rollinger bis Enn 2011 nëmmen 14,4, Milliounen ; den Taux hätt sech op 3,2 % belaf, bei anere Banken hätte si méi bëlleg léine kënnen. De Guy Rollinger dementéiert net, datt et e muscléiert Telefons-Gespréich tëschent him an dem Flavio Becca gouf, wéi en decke Batz vun deem Prêt net komm war. No deem Gebrëlls hat d’Spuerkeess iwwregens séier iwwerwisen.
De Guy Rollinger trauert sengem Ur-Projet Wickreng nach ëmmer ferm no. Iwwer 10 Milliounen huet deen avortéierte Projet bis ewell kascht an hätt och dem Group zolidd Liquiditéitsproblemer beschert. An de Guy Rollinger léisst keen Zweiwel drun, datt de Flavio Becca vun Ufank un géint de Shopping Center zu Wickreng geschafft hätt. An obwuel Rollinger all d’ Autorisatioune gehat hätt, wier de Projet op eemol torpedéiert ginn.
Sous-entendu: Léif Journalisten, frot emol dorëmmer, firwat eigentlech.
Äre Commentaire