Papp zur Police: Mäi Bouf fëmmt och heiansdo en Joint ...
RTL - 26.05.2012, 13:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.05.2012, 14:56
E Freidegowend huet d'Police um Houwald e Mann beim Marihuana Fëmmen erwëscht. Dee sot dunn, datt säi Bouf och heiansdo frou mat Jointe wier ...

En Zeien huet d'Police wësse gedoen, datt um Houwald an der Rue Neil Armstrong regelméisseg Droge gefëmmt ginn.
E Freideg ëm 20.45 Auer war d'Police op der Plaz an huet an enger Garage e Mann fonnt, deen am Gaange war, en Joint ze fëmmen. En hat och nach aner Drogen an Drogenutensilië bei sech.
De Papp sot, säi Jong géing och heiansdo en Joint fëmmen. Deen huet dat awer net zouginn, ma bei der Perquisitioun si beim Jong 50,7 Gramm Marihuana an 49,6 Gramm Marihuana-Som fonnt ginn.
De Parquet huet d'Droge confisquéieren an d'Männer protokolléiere gelooss.

