Lëtzebuerger Stot: 811.000 € Jores-Duerchschnëttsverméigen
RTL - 01.06.2012, 14:51 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.06.2012, 19:25 | 74 Commentaire(n)
Etude vu BCL zesummen mat CEPS/Instead: D'Brutto-Verméige vun engem Lëtzebuerger Stot läit, op ee ganzt Joer gekuckt, an der Moyenne bei 811.000 Euro.

Ënnert Verméigen ass also net just de Salaire ze verstoen!
D'Netto-Verméigen, also déi Zomm, déi erauskënnt wann ee Scholden a Stéieren ewech hëlt, läit an der Moyenne bei 733.000 Euro. Och hei op ee ganzt Joer gekuckt, also mat allen Akommen a Wäertsaachen wéi Haus an Auto, déi ee besëtzt.
Dat ass eng ganz héich Moyenne am Verglach mat onse Nopeschlänner: A Frankräich zum Beispill läit d'Brutto-Verméige vun engem Stot bei 229.300 Euro, an Däitschland läit dëst nëmme bei 140.000 Euro.
Grouss Rolle Spillen hei d'Salairen, ma virun allem och d'Immobilien, déi jo bekanntlech hei am Land net fir ganz bëlleg ze vergi sinn.
Laut der Etude hätt och de Lëtzebuerger Stot an der Moyenne e Revenu vun 73.700 Euro, op e Mount gekuckt mécht dat 6142 Euro Akommes.

Äre Commentaire