Dossier Léiweng: Kee Kommentar vum Jean-Claude Juncker

RTL - 06.06.2012, 18:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:48 | 168 Commentaire(n)

Dossier Léiweng: Nom Conseil um Freideg huet et "kee Commentaire" vum Staatsminister geheescht. De Jean-Claude Juncker verweist op d'Chamber-Reunioun.

Den Dossier Léiweng war jo net aus de Nouvellen ewech ze denken an sécherlech och um Freideg e Sujet am Ministerrot, wou och d'Reprochen vun der Oppositioun sécherlech debattéiert goufen.

Nom Conseil huet et awer "kee Commentaire" vum Staatsminister geheescht. De Jean-Claude Juncker verweist op d'Chamber-Reunioun vun e Mëttwoch, wou déi implizéiert Regierungsmemberen wäerten op entspriechend Froen äntwerten.


Déi zwou Oppositiounsparteie si jo net d'accord mat Verhale vun der Regierung am Dossier Léiweng an hunn eng ganz Partie vu Kritikpunkten.

De Procureur Général d'Etat sot dono am RTL-Interview, dass et strofbar Handlunge sinn, wann déi Tatbestänn, déi DP an déi Gréng beschriwwen hunn, sech confirméieren.

 De Robert Biever »



De François Bausch vun Déi Gréng huet als Éischt d'Wuert ergraff a kloer gesot, datt d'Regierung d'Interesse vun eenzelne Promoteure virun d'Interesse vun de Bierger gestallt hätt.

Telefonsgespréich Halsdorf-BCEE

Kritik och, well den Inneminister Jean-Marie Halsdorf bei der Spuerkeess am Dossier Wickreng-Léiweng intervenéiert hat.

D'Regierung hätt hei d'Leit getäuscht, well et hätt am Ufank geheescht, et hätt kee Minister intervenéiert ... gläichzäiteg gëtt gesot, den Inneminister hätt sech bei der BCEE informéiert ... iwwert ee private Kredit.


Wickreng-Léiweng: Déi ganz Pressekonferenz vun DP a Gréng (07.06.2012)
Um Donneschdeg, 7. Juni hunn de Claude Meisch (DP) an de François Bausch (Déi Gréng) d'Verhale vun der Regierung an der Affär Wickreng/Léiweng kritiséiert.



De François Bausch: "Mir froen eis, firwat de Promoteur Rollinger net direkt bei der Spuerkeess nogefrot huet an iwwert e Minister gefuer ass an deen dann och nach Informatioune kritt. Wat ass bei der Spuerkeess lass?" Et hätt also scho mussen eng Zort Komplicitéit ginn hunn.

An: "A wat fir engem Staat liewe mir iwwerhaapt, wann dat do méiglech ass?", esou de François Bausch. Et wier net z'acceptéieren, datt sech e Minister an e privaten Interessekonflikt amësche geet.
Kéint elo all Bierger den Inneminister froen, fir Informatiounen iwwer säi Kredit bei der BCEE kréien?


Regierung mat kloerer Preferenz fir Léiweng

De Claude Meisch huet am Ufank vu senger Interventioun betount, datt alles wat de François Bausch gesot huet, och vun him hätt kënne gesot ginn an dat géing och elo fir seng Wierder gëllen, déi kinnten och vum François Bausch kommen.

De Claude Meisch huet vun engem Skandal geschwat, deen d'Regierung ënnert en Teppech kiere wëll. De Premier hätt sech selwer a Widderspréch verstréckt.

"D'Projete Wickreng a Léiweng ware vun Ufank u Konkurrenzprojeten", esou de Claude Meisch, dat hätt d'Regierung och bestätegt. Well aus de Gesetzer géing ervirgoen, datt just eng limitéiert Zuel vu grousse Projeten erlaabt kënnte ginn - a well de Promoteur vu Wickreng, Rollinger, ewell eng Autorisatioun hat, hätt de Projet Léiweng, vum Promoteur Becca, keng méi kënne kréien. An dofir hätt d'Regierung alles gemaach, fir de Projet Wickreng futti ze maachen, esou den DP-Politiker. Et wier hei net aus landesplanereschem Interessi gehandelt ginn, ma einfach well een eng Preferenz fir een anere Projet gehat hätt.

D'Regierung, esou de Virworf vum Claude Meisch, hätt sech net un d'Regele vum Rechtsstaat gehalen, déi Grondsätz wiere mat Féiss getrëppelt ginn. Juristesch hätt d'Regierung Wickreng net méi kënne verhënneren ... Ma firwat verzicht de Promoteur Rollinger fräiwëlleg?

De Claude Meisch: D'Regierung huet no net rechtsstaatleche Mëttele gegraff. De Politiker huet erkläert, datt de Promoteur Rollinger erpresst gouf, et géif soss keng Opträg méi kréien. Et wieren Zeien aus de Reie vun der DP, déi mat de Gebridder Rolllinger geschwat hätten. Dës Aussoe kéinte spéider och ënner Eed gemaach ginn.

D'Fuerderunge vun DP an Déi Gréng

No deene Gréngen huet elo och d'DP eng Enquêtekommissioun gefuerdert. De Claude Meisch huet vu schlëmmen Dysfunktionnementer geschwat.
Dëst sinn eemoleg Virwërf, de Schued fir d’Reputatioun vu Lëtzebuerg wier grouss, dës penal Faiten misste poursuivéiert ginn. Fait ass, d'Regierung huet ee Promoteur vu sengem Projet ofbruecht. Dat heescht et gëtt keng Chancëgläichheet fir Investisseuren, wat géint d'Interesse vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg géif goen.

Um Enn vun der Pressekonferenz gouf ee Code de déontologie mat Verhalensregele fir Regierungsmembere gefuerdert, fir an Zukunft esou Interessekonflikter ze verhënneren.

A wann et näischt ze verstoppe gëtt, da missten CSV an LSAP der Enquêtekommissioun zoustëmmen.
Fir d’DP an di Gréng steet fest, et muss enquêtéiert ginn, sief et vun der Justiz, wou ee bis ewell awer näischt héieren hätt, sief et eben vun enger Enquêtekommissioun, déi dann den nächste Mëttwoch an der Chamber diskutéiert gëtt.



Kee "Bauerenaffer" gesicht

Op d'Fro no de gefuerderte Konsequenzen, wollten de François Bausch an de de Claude Meisch der Kommissioun net virgräifen. Allerdéngs wier d'Verhale vun engem Minister, dee bei der Spuerkeess intervenéiert huet, net "tragbar".

Et géing och net drëm goen, ee "Bauernopfer" ze fuerderen, esou de François Bausch, ma et misst Kloerheet an deen Dossier bruecht ginn, datt d'Leit och kinnte verstoen, wat en detail geschitt a wéi wäit dat gaangen ass.

De Fait vun der Interventioun vum Minister wier méi wéi diskutabel a géing am Ausland och zu enger Demissioun féieren, ma dat wier net de sprangende Punkt, well d'Froe géifen da weider am Raum stoe bleiwen.



Also: Och e Récktrëtt vum Minister Halsdorf géif den Dossier net zoumaachen an déi nämmlecht Reprochë misst ee formuléieren un de fréiere Wirtschaftsminister Jeannot Krecké, esou d'Politiker Bausch a Meisch, déi sech Opklärung vun enger Enquêtekommissioun, déi den nächste Mëttwoch sollt agesat ginn, erhoffen a sech wonneren, wéi de Premier all déi Saachen esou laang decke konnt.

De Claude Meisch huet och nach betount: D'Gesiicht vum Promoteur dierft net iwwert e Projet entscheeden, dat misst d'Politik. A Gréng an DP wieren dès le départ géing de Projet Wickreng a géint de Projet Léiweng gewiescht a bis elo hätt kee kënnen erklären, firwat no landesplaneresche Critèrë Wickreng schlecht a Léiweng gutt wier.


Affär Wickreng/ Léiweng: gouf et Erpressung a Korruptioun? (07.06.2012)
Déi zwou Oppositiounsparteien, DP an déi gréng, stëllen d'Verhale vun Regirungemember a Froo. Huert den Inneminister Halsdorf bei der Spuerkeess intervenéiert?



Keng Reaktioun vum Inneminister

Den Inneminister wollt net reagéieren a verweist op dem Staatsminister seng Interventioun nächste Mëttwoch an der Chamber. De Jean-Marie Halsdorf sot just, dass "hie sech nach ëmmer am Spigel kéint kucken". Hien hätt net d'Gefill, datt en an de Joren, wou en elo Minister ass, iergendeppes illegales gemaach hätt, sou de Jean-Marie Halsdorf.


Reaktioun Marc Spautz: Justiz soll hir Aarbecht maachen

Sou vill nei Elementer hätt hien elo net héieren, sou den CSV-Fraktiounschef. Am Fong guer keng. De Marc Spautz ass awer iwwerrascht iwwer déi schwéier Virwërf vun DP an deene Gréngen. Mee et wier, och am Hibléck op déi ominéis Zeien, dann elo awer un der Justiz fir hir Aarbecht ze maachen. Et wier net un der Chamber sech mat enger Enquête-Commissioun sech der Justiz ze substituéieren.

Den Inneminister Halsdorf hätt nëmmen eng Nofro gemaach bei enger Bank an Averständnis mat dem concernéierten Träger. De Marc Spautz freet sech, ob an der Vergaangenheet net scho Buergermeeschtere bei enger Bank no engem Prêt nogefrot hunn. Et wier hei guer keen Drock gemaach ginn. Dernieft hätten d'DP an déi Gréng och deemools de Projet Wickreng contestéiert.

 AUDIO: Reaktioun vum Marc Spautz: "D'Justiz soll hir Aarbecht maachen." »



Reaktioun Lucien Lux: Skeptesch iwwer d'Asetze vun Enquête-Commissioun

Den LSAP-Fraktiounschef Lucien Lux wëll sech nach net festleeën. Hien gëtt awer ze bedenken, datt wann d'Reproche vun DP an déi Gréng d'Strooss net halen, dass déi aner Säit vun der Medaille Diffamatioun ass.

Wat seng Fraktioun genee wëlles huet, dierft sech awer eréischt deen nächsten Dënschdeg klären, wann d'LSAP-Deputéiert beienee kommen.


Reaktiounen vun CSV an LSAP (07.06.2012)
DP an di Gréng fuederen Enquête-Kommissioun an der Chamber. CSV an LSAP sinn net begeeschtert.

Parquet: keng aktuell Suitten


Dës ganz Affär huet aktuell keng juristesch Suitten. De Parquet ass bis elo nach net aktiv ginn, krut RTL op Nofro confirméiert.

Allerdéngs hält een den Dossier am A a kuckt, wéi eng Elementer elo nach dobäi kommen.


De Procureur Général d'Etat Robert Biever sot am RTL-Interview awer, dass et strofbar Handlunge sinn, wann déi Tatbestänn, déi DP an déi Gréng den Donneschdeg de Moie beschriwwen hunn, sech confirméieren.


 De Robert Biever »



De Parquet wëll elo mol ofwaarde wat d'Regierung d'nächst Woch an dësem Dossier ze soen huet. An den Deeg duerno géif dann decidéiert ginn, ob et zu enger Enquête kënnt oder net.


© Ern Klein (RTL Télé Lëtzebuerg)



Footballstadion: Léiweng out? Josy Barthel moderniséieren? (08.06.2012)
De Stater Schäffen François Bausch huet d'Idee opgeworf, de Stade Josy Barthel ze moderniséieren. Ma séin Buergermeeschter Xavier Bettel weist d'rout Kacht.



Presserevue

Wat schreiwen Zeitungen um Freideg de Moien iwwert d’Affär Léiweng...?

De Quotidien kënnt mam Wuert „Léiweng-Gate“ – a mécht d’Bemierkung: „Chantage a Korruptioun – dat sinn zwee Wieder déi ganz seelen an der Politik zu Lëtzebuerg genannt ginn“. Um Quotidien senger Titelsäit si 7 Fotoe vu Protagonisten an dëser Affär: an der ieweschter Rei, 3 Ministeren an een ex-Minister: De Jean-Claude Juncker, de Jeannot Krecké, de Jean Marie Halsdorf an de Claude Wiseler. Ënnendrënner. De Claude Meisch, de François Bausch, an de Paul Helminger deen, dem Radio 100,7 no, ee vun den Zeien ass, déi d’DP en Donneschdeg erwähnt, mä net mam Numm genannt hat.

Am Lëtzebuerger Wort kommentéiert d’Dani Schumacher dozou: Der DP an de Gréngen hir Pressekonferenz en Donneschdeg wär eng Polit-Schow gewiescht – konkret Fakte wiere keng geliwwert ginn.

Am Tageblatt ass den Toun ähnlech. Esou mengt den Tom Wenandy am Commentaire, et missten elo Fakten op den Dësch. Hie freet sech, op d’DP an Déi Gréng wierklech Beweiser hunn, déi d’Strooss halen? Oder op se bluffen, aus politesch-wahltaktesche Grënn?


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!