Germany's Next Topmodel 2012: Luisa heescht d'Gewënnerin
RTL - 08.06.2012, 09:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.06.2012, 13:01 | 8 Commentaire(n)
De 7. Juni war fir Millioune Fraen a Meedercher e ganz opreegenden Dag: Et war d'Finale vun der Staffel 2012 vun Germany's Next Topmodel!

Jidderee kuckt op déi 4 Finalistinnen: Sarah-Anessa, Dominique, Kasia a Luisa ; déi eng Aufgab no där anerer musse Meeschteren.

Fotoshooting a 14 Meter héicht, en Defilé mat 3 ganz kontrovers Duerchgäng an High Heels wéi ee se réischt zelten erlieft huet.
Fir Stëmmung suergen dann déi International Staren déi vun der Mama-Model fir déi grouss Finale invitéiert goufen: Maroon 5, Gossip, an den Teenie-Star Justin Bieber.

Um Enn muss d'Jury entscheede wien dann elo op den Titel vun der Cosmopolitan kënnt, wien en Appartement an enger Moudemetropol vu sengem Choix kritt a wien e Kontrakt mat der Agentur OneEins Management kritt.
Keng einfach Aufgab fir d'Heidi Klum a seng zwee Thomas. Ma um Enn huet awer d'Luisa konnten iwwerzeegen. Hat ass Germany's Next Topmodel 2012.
Iergendwéi awer keng gréisser Iwwerzeegung, wëll scho während der ganzer Staffel war d'Catwalk Queen, wéi d'Heidi Klum et nennt, ëmmer mat der Nues virbäi.

Gréisser Jobs goungen all a seng Täsch a dacks krut et och vun de sëlleche Starfotografen d'Remarque gemeet hat hätt alles wat en internationaalt Topmodel bréicht.
Domat dierft dem Luisa seng Zukunft geséchert sinn, mir dierften also nach seng laang Been nach dacks op de Catwalks vu Paräis, Berlin oder New York ze gesi kréien.

Äre Commentaire