Geriicht: Member vum Staatsrot ugeklot wéint Fahrerflucht
RTL - 08.06.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.06.2012, 11:53
Geriicht: Wéinst Fahrerflucht huet sech e Freideg e Member vum Staatsrot misse veräntweren. D’Agnès Rausch war an der Stad hannerzeg an en Auto gerannt.

Den Affekot vun der Fra, déi vun deene Gringen an de Conseil d’État geschéckt gi war, huet betount, d’Faite géifen net contestéiert ginn; seng Cliente, déi iwwregens net selwer um Geriicht war, hätt awer keng béis Intentioun gehat, an en Assureur wär och fir de Schued opkomm. Et géif sech d’Fro stellen, ob d’Agnès Rausch an hire Réckspigel gekuckt hätt oder net. Si wär zwar net erausgeklommen, obwuel hir bewosst war, widder eppes komm ze sinn, hätt awer wuel an de Spigel gekuckt. D’Fra wär dovun ausgaangen, dass hire Pare-choc widdert deen anere komm wär, an dofir fortgefuer; d’Member vum Staatsrot hätt keen Interêt gehat, fir fortzefueren, a v.a. keng Absicht. Den Affekot huet dowéinst de Fräisproch fir seng Mandantin gefrot, wat d’Fahrerflucht ugeet, an ervirgestrach, dass den Auto vun der Pizzeria och falsch geparkt war.
D’Vertriederin vum Parquet huet ervirgehuewen, dass d’Member vum Conseil d’État net aus hirem Auto erausgeklomme wär an net am Réckspigel ze gesi war, ob eng Téitsch am aneren Auto war oder net. Si huet dofir e Fuerverbuet vun anerhalwem Joer an eng Geldstrof verlaangt, wouropshin den Affekot vum Agnès Rausch gemengt huet, d’Fuerverbuet sollt net iwwer ee Joer erausgoen a mat integralem Sursis beluecht ginn.
D’Uerteel gëtt den 21. Juni gesprach.

