EM 2012: Russland - Tschechesch Republik 4:1
RTL - 08.06.2012, 22:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.07.2012, 12:39 | 2 Commentaire(n)
Football: Kloer Saach am zweete Match vun der Euro 2012 - Russland klappt d'Tschechesch Republik mat 4:1.

4:1 klappe si hire Géigner, d'Tschechesch Republik, déi den Ament ganz um Wupp vun der Tabell steet, well deen anere Match Polen géint Griichenland 1:1 ausgaangen ass.
D'Tschechen haten zwar gutt ugefaangen, ma relativ séier sinn d'Russen zu Breslau mat 2:0 a Féierung gaangen: Dzagoev an der 15. an Chirokov an der 23. Minutt.

No der Paus huet de Pilar an der 51. Minutt op 2:1 verkierzt an e Match, deen eigentlech schonn decidéiert war, nees spannend gemaach.
Zum Schluss hunn d'Russen dunn awer alles kloer gemaach, wéi den Dzagoev mat sengem zweete Goal an der 78. Minutt op 3:1 erhéicht an de Pavlioutcken an der 81. Minutt fir de Schlussstand vu 4:1 gesuergt huet.

Äre Commentaire