THE ONE: Den Armand Thies alias Willy Stone ass "The One"

RTL - 10.06.2012, 21:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.04.2013, 13:58 | 15 Commentaire(n)

42.000 Voten: Den Armand Thies ass "The One"! An enger grousser a groussaarteger Finale um Sonndegowend an der Rockhal krut hien déi meeschte Stëmmen.

Et kann nëmmen ee ginn: Den Armand Thies alias Willy Stone ass "The One".© Steve Müller
250 Kandidaten hate beim grousse Song-Contest vun RTL an Eldoradio matgemaach, 8 dovun hunn et an d'Finale gepackt an déi war e Sonndeg den Owend vun 18.30 Auer un an der Rockhal a gouf live op RTL Télé Lëtzebuerg, op RTL Radio Lëtzebuerg an op RTL.lu iwwerdroen.

Am Ufank vum Owend hunn déi 8 Finalisten nach hannert enger Leinwand en éischt Stéck gesongen. Am zweeten Deel vum Owend hu sech d'Kandidaten dunn dem Public an natierlech och dem Jury presentéiert. Bis zu deem Ament wousst jo keen, wie sech hannert deene supere Stëmmen a geheimnisvollen Nimm géif verstoppen.

Knapp 2 Prozent louchen um Enn tëscht dem Gewënner Willy Stone alias Armand Thies (18,37%) an der Zweetplazéierter Laurie Soul alias Nadine Rodrigues (16,59%).


D'Jurymemberen waren do, fir nach hir Appreciatioun ofzeginn, ma et war awer um Public dobaussen ze decidéieren, wien "The One" sollt ginn. Net manner wéi 42.000 Votë goufen do gezielt an um Enn konnt sech deen eenzege Mann ënnert deenen 8 Finalisten duerchsetzen.

Fair Felicitatioun: Tëscht hinnen zwee ass d'Decisioun um Enn gefall, well et kann nëmmen een THE ONE sinn ...


Hei d'Finaliste mat richtegem Numm a Score:

1) Willy Stone - Armand Thies 18,37 %
2) Laurie Soul - Nadine Rodrigues 16,59 %
3) Sandy Pebble - Kim Girrens 13,84 %
4) Jenny River - Laura Dumlich 13,52 %
5) Aimee Ann - Debbie Kirsch 12,87 %
6) Baby Zas - Caroline Antoine 12,71 %
7) Fallin Alice - Carina Araujo 7,33 %
8) Queen Aura - Caroline Molitor: 4,77 %

De Gewënner vu THE ONE kann elo decidéieren, wéi et musikalesch mam Gast Walzing weidergeet.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!