Apple: OS X Mountain Lion, iOS 6 an nei MacBook Proen

RTL - 11.06.2012, 21:52 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.06.2012, 07:52 | 8 Commentaire(n)

San Francisco: Apple huet um Méindegowend deen neien OS X Mountain Lion, den iOS 6 an eng nei Generatioun vu MacBook Proe virgestallt.

Auteur: Laurent Schmit
Op der mëttlerweil 23. Entwéckler-Konferenz WWDC (World Wide Developer Conference) zu San Francisco huet Apple um Méindeg de Schleier iwwer nei Soft- an Hardware-Produite gelëft. Op ee Bléck:

>> Neien iOS 6

- Neien iOS mat iwwer 200 neie Featuren
- Siri kënnt och op den neien iPad
- Facebook-Integratioun (ähnlech wéi Twitter beim iOS 5)
- Facetime soll och iwwer 3G funktionéieren
- Nei Maps-Applikatioun mat impressionanten 3D-Funktiounen an integréierter Navigatioun

Den neien iOS 6 wäert vum Hierscht u fir iPhones ab 3GS, iPad 2 Generatioun an der 4. Generatioun iPod Touch ze kréie sinn.

>> Neit OS X Betribssystem (OS X Mountain Lion)

- Iwwer 200 nei Featuren
- Eng Rëtsch nei (mat iCloud synchroniséiert) Programmer
- En neie Safari-Browser
- AirPlay Mirroring (écran vum Mac op d'Tëlee via d'Apple TV)

Den neien OS X Mountain Lion ass vum Juli un erhältlech a kascht eemoleg $ 19.99 USD.



>> Neies bei de MacBooken a MacBook Proen

Apple huet ausserdeem e kompletten "Refresh" vun der aktueller Gamme vu MacBooken an eng komplett nei Generatioun vu MacBook Pro Modeller virgestallt:

- MacBook Air
Upgrade vun alle Modeller mat bis zu 2GHz schnellem Dual-Core i7 Prozessor, USB 3.0 an mat engem Maximum vun 8GB Ram an 512GB SSD Hard-Disk

- MacBook Pro
Upgrade vun alle Modeller mat bis 2.7GHz Quad-Core i7 Prozessor, engem Maximum vun 8GB Ram an 750GB Hard-Disk

- "Nei Generatioun" vun MacBook Pro Modeller
An dann huet Apple och nach eng komplett nei Gamme vun MacBook Pro Modeller virgestallt, mat ënner anerem:

- Retina Display (2880 x 1800 Pixel)
- 1/4 vun der Héicht vun den aktuelle MacBook Proen
- Bis zu 2.7GHz Quad-Core i7 Prozessor, engem Maximum vun 16GB Ram an 768GB SSD Hard-Disk
- Batterie hält ronn 7 Stonnen an bis zu 30 Deeg am Standby
- Ouni DVD Drive, mä mat Thunderbolt an USB 3.0

De Präis vun dësen neie Modeller fänkt bei 2185€ un.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!