Kate & William kommen op d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog
RTL - 15.06.2012, 11:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.06.2012, 14:28 | 23 Commentaire(n)
Héije Besuch aus Groussbritannien fir d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume: D'Kate an de William kommen op Lëtzebuerg wéi d'Wort mëllt.

Mat vill Prominenz aus dem europäeschen adlege Krees ass jo scho gerechent ginn. Ma eng ganz besonnesch bekannte Koppel schéngt schonn seng Präsenz am Grand-Duché konfirméiert ze hunn, an zwar déi britesch Koppel William a Kate.

Aus dem Haff koum awer bis ewell nach keng Confirmatioun. RTL-Informatiounen no wier um Donneschden eng Reunioun am Haff gewiescht wou d'Hochzäit vum Prënz Guillaume am Mëttelpunkt stoung. Momentan lafen Preparativen fir d'Hochzäit op Héichtouren an och d'Gäschtelëscht gëtt nach ausgeschafft.
Weider potentiell Invitéë fir déi grouss lëtzebuerger Hochzäit wieren déi schwedesch Prinzessin Victoria a säi Mann Daniel Westling, déi jo och scho bei der britescher Hochzäit present waren.



Äre Commentaire