Etude: Aktiv Populatioun ëmmer méi al trotz Frontalieren

RTL - 20.06.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.06.2012, 10:17 | 11 Commentaire(n)

Lëtzebuerg kéint e klenge Problem kréien, well déi aktiv Bevëlkerung am Land ëmmer méi al gëtt. Dat stellt de Fuerschungsinstitut CEPS/Instead fest.

An och d'Aarbecht vun de Frontalieren oder aneren Auslänner, déi dës Entwécklung an den 90er Jore verhënnert hunn, geet net méi duer fir dësen Alterungsprozess ze kompenséieren.

D'Leit, déi an engem Land schaffen, ginn an der Regel d'selwecht séier al, wéi d'gesamt Bevëlkerung. Zu Lëtzebuerg, sou d'Kristell Leduc vun CEPS/Instead, war d'Situatioun wéinst de Frontalieren bis well awer ëmmer bësse méi speziell. Mee elo ass et mat där Otempaus eriwwer.

Et huet een nämlech festgestallt, dass d'Verdeelung vun der Populatioun dem Alter no sech tëscht 2003 an 2011 ferm verännert huet. Sou ass den Duerchschnëttsalter vun der aktiver Bevëlkerung, an dobäi gi jo logescherweis d'Frontalieren mat agerechent, an deene Joren ëm 2,8 Joer vu 36,9 op 39,7 Joer gewuess. Den Undeel u Beschäftegten ënner 35 ass vu 44 op 34% gefall, an den Undeel vun de Beschäftegten iwwer 50 ass vun 13 op 19% geklommen.

Wann dës Entwécklung also sou viru geet, d.h., dass d'Leit, déi zu Lëtzebeurg schaffen méi séier méi al ginn, wéi d'Bevëlkerung u sech, da kann dat als Konsequenz hunn, dass et an Zukunft u main d'oeuvre an u Savoir faire feelt.

Fazit vun der Etude ass also, dass Lëtzebuerg séier muss nei Weeër fannen fir dëser Entwécklung entgéint ze wierken, a wann een net wëll hunn, dass d'Leit an Zukunft nach méi laang musse schaffe goen, wéi déi aktuell Pensiounsreform et lo scho virgesäit.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!