Hochzäitspreparative vum Guillaume lafen op Héichtouren
RTL - 20.06.2012, 10:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.06.2012, 11:54 | 34 Commentaire(n)
Den Oflaf vun der Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume an dem Stéphanie de Lannoy gëtt ëmmer méi konkret: D'Festivitéiten lafen iwwer zwee Deeg.

Den Dag duerno, also Samschdes den 20. Oktober, ass dann Mueres um 11 Auer déi grouss Zeremonie an der Stater Kathedral. Duerno ass eng grouss Receptioun am Palais geplangt.

Am Kader vun der Hochzäit sinn och Evenementer mat der Populatioun virgesinn. Den Detail dovunner bleift nach ze klären. Ma déi jonk Koppel soll nach virum Jo-Wuert op der Gemeng mat Jonken zesumme kommen, déi vun der Regierung invitéiert ginn. Et ass och d'Regierung déi dëst Evenement organiséiert. Auerzäit a Plaz sinn nach net decidéiert.
Samschdes wahrscheinlech owes ass dann nach eng Zeremonie op der Stater Gemeng virgesinn. Ma och hei bleift de geneeën Oflaf nach ze klären.

Äre Commentaire