Adem: Géry Meyers Successeur vum Mariette Scholtus

RTL - 20.06.2012, 11:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.06.2012, 15:53

Am Regierungsrot ass eng nei Direktioun fir d'Aarbechtsamt decidéiert ginn. De Géry Meyers remplacéiert d'Mariette Scholtus.

Den Aarbechtsminister huet dem Regierungsrot um Mëttwoch eng nei Direktioun fir d’Adem proposéiert a si gouf ugeholl. Et handelt sech ëm eng Equipe vun 3 Leit, mat engem Direkter an 2 Adjointen.

De Géry Meyers aus dem Immigratiounsministère gëtt Direkter. Adjointe ginn d’Isabelle Schlesser, bis ewell bei Luxinnovation an d’Gaby Wagner, bis elo Directrice vun engem Formatiounszenter fir Chômeuren.

D’Direktiounsequipe vu bis elo gëtt also komplett ersat.

D'Mariette Scholtus, d'Direktesch vu bis ewell, ass also och net méi an där Direktioun. Si war op deem Posten zënter August 2000.

D’Mariette Scholtus bleift Fonctionnaire a kënnt provisoresch als Premier Conseiller de Gouvernement an den Aarbechtsministère. An enger zweeter Phas kéint si dann een anere Poste kréien.