Zeienopruff: Iwwerfall op Diddelenger Bijouterie vum 25.6.
RTL - 16.07.2012, 17:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.08.2012, 19:16
Zeienopruff: Gesicht ginn 2 Leit am Kontext vum Iwwerfall vum 25. Juni op eng Bijouterie zu Diddeleng an der Niddeschgaass.

Géint 15.45 Auer haten zwee Banditen de Bijoutier mat enger Schosswaff menacéiert an opgefuerdert d'Suen eraus ze ginn. Et koum zu enger Ausernanersetzung, bei där de Bijoutier um Kapp blesséiert gouf. Béid Brigange si mat Bores duerch d'hënnescht d'Dier Richtung Park an du bei d'Diddelenger Gare fortgelaf.
Et handelt sech ëm zwee Nord-Afrikaner, déi ëm 1 Meter 80 grouss sinn. Deen een huet ee schwaarzen Jogginskostüm mat wäiss-gesträiften Äerm un, den aneren huet ee schwaarzen T-Shirt an eng Jeans-Box un. Dernieft huet hien ee Sonnebrëll an eng brong Täsch fir ëmzehänken derbäi.
