Zypern mécht als 5. Land Demande fir EU-Finanzhëllefen

RTL - 25.06.2012, 18:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.06.2012, 08:37

Zypern: Et ass elo dat 5. Land, wat eng Demande op Finanzhëllefe vun der EU mécht. D'Banke vum héich verschëlte Land gëlle scho méi laang als ugeschloen.

An engem Communiqué huet de President vun der Eurogrupp Jean-Claude Juncker e Méindegowend erkläert, dass hien e Méindeg eng formell Demande vun den zyprioteschen Autoritéite krut huet. De Jean-Claude Juncker begréisst d'Demarche vun der Insel. Eng Iwwerraschung ass d'Demande net. Zypern ass duerch d'Kris a Griichenland mat erofgezu ginn.

De Jean-Claude Juncker geet eegenen Aussoen dovunner ausgoen, datt Zypern lo mat groussem Engagement déi néideg politesch Mesuren ëmsetzt. Den Eurogroupe traitéiert d'Demande sou séier wéi méiglech.
Des weideren wäert d'Kommissioun zesumme mat der Europäescher Zentralbank e Mandat kréien fir déi néideg Konditiounen auszeschaffen, un déi d'finanziell Hëllef wäert gebonne sinn.

Wéi vill Sue gebraucht ginn ass genee wéi am Fall Spuenien nach net gewosst.

Mat Zypern a Spuenien sinn et lo well 5 Euro-Länner, déi finanziell Hëllef brauchen.

D'Ratingsagence Fitch huet d'Bonitéit vun Zypern op Schrottniveau erof gesat.