SEW / APESS: Conciliatiounsreunioun op September verluecht

RTL - 25.06.2012, 21:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.06.2012, 12:01 | 35 Commentaire(n)

SEW an APESS hu sech an de Conciliatiounsverhandlungen iwwert d'Konsequenzen vun der Reform vun der Fonction publique op den Enseignement Bedenkzäit gefrot

Dat deelen SEW/OGBL an Apess um Méindegowend an engem Communiqué mat. D'Seance vun der "Commission de conciliation" géif vum 26. Juni op de 25. September verréckelt ginn.

De President vun der Kommissioun wier domat enger Ufro vun de Syndikater no komm.

D'Syndikater begrënnen hir Ufro domat, datt ee sech an der Kommissioun net eens wier, ob een de Sträit tëscht Gewerkschaften a Regierung als "litige collectif sectoriel" oder awer als "litige collectif généralisé" misst ugesinn.

D'"Commission de conciliation", esou Gewerkschaften, kinnt net decidéieren, ob de Litige recevabel ass oder net, well dat wier net am Gesetz virgesinn. Als Auswee géifen also just d'Conciliatioun oder d'Net-Conciliatioun bleiwen an da wier de Wee fir d'Streikrecht fräi: Nous estimons par conséquent que la seule issue possible du présent litige est soit la conciliation, soit la non-conciliation ouvrant le recours au droit de grève.

Weidert Argument vun de Syndikater: An den 2 éischte Sëtzunge vun der Kommissioun hätte si hir Argumenter géint déi 4 Haaptpiliere vun der Schoulreform net duerleeë kënnen.

Fir déi néideg Avis juridiquen anzehuelen a déi eege Positioun kënnen duerzeleeën, wier et besser, déi nächst Sëtzung no der Schoulrentrée ze maachen.


Regierung bedauert Attitude vun APESS an SEW

D'Lëtzebuerger Regierung versteet einfach net firwat d'Conciliatioun, déi u sech fir en Dënschdeg virgesi war, op de 25. September verluecht ginn ass. D'Regierung widderhëlt nach emol an engem Communiqué, dass een de Syndikater APESS an SEW op kee Fall verbidde wëll, ee Streik z'organiséieren. Et géing een et just ganz schued fannen, dass déi zwou Gewerkschaften sech drun halen, fir een neien Accord an der Fonction Publique ze verhandelen, obwuel dat aktuellt Gesetz virgesäit, dass just d'CGFP habilitéiert ass, fir esou Negociatiounen ze féieren.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!