Ganz schroen Aarbechtsaccident um Dënschdeg zu Maarnech
RTL - 26.06.2012, 09:57 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.06.2012, 14:01
Bei enger Baufirma zu Maarnech, koum et um Dënschdegmueren zu engem schroen Aarbechtsaccident. En Aarbechter gouf mat Verbrennungen op Léck geflunn.

Een Aarbechter ass ganz uerg verbrannt, an huet misste mam Rettungshelikopter op Léck an de "Centre des grands brûlés" geflu ginn.
Op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Klierf, de Samu vun Ettelbréck, de Rettungshelikopter, d'ITM souwéi de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police.
