Problemer mat der Telefonszentral vum "112"

RTL - 26.06.2012, 10:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.06.2012, 17:32

Aktuell ginn et Problemer mat der Telefonszentral vum 112. Et kéint sinn, dass een net duerchkënnt, wann een do urifft. Et ginn awer alternativ Nummeren.

Wann een um 112 net sollt verbonne ginn, da soll ee w.e.g. eng vun de folgenden Nummeren uruffen:

49771-711
49771-712
49771-716

Fir ze evitéieren, dass d'Telefonszentral iwwerlaascht gëtt, soll ee w.e.g. wierklech just am Noutfall do uruffen.

Soubal déi technesch Problemer nees behuewe sinn, soe mer Iech Bescheed. Et gëtt den Ament 24/24h dru geschafft. D'Stéierung kéint e puer Deeg daueren.