Chef vum Eurogrupp: Decisioun iwwer Nofolleg nees verréckelt

RTL - 29.06.2012, 14:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.06.2012, 08:59 | 23 Commentaire(n)

Juncker: Yves Mersch soll an den Directoire vun der EZB, soss kënne se sech en aneren fir d'Presidence vum Eurogrupp sichen.

Um Sommet zu Bréissel waren e Freidegmëtten d'Staats-a Regierungscheffe vun de 17 Euro-Länner beieneen.

Do sollt d'Decisioun falen dass de Jean-Claude Juncker weider un der Spëtzt vum Eurogrupp soll bleiwen.

De Staatsminister huet e Freidegmëtten konfirméiert, dass hie gefrot gouf weider President vun deem Gremium ze bleiwen. Hien ass och d'accord nach 6 Méint drun ze hänken awer nëmme wann den Yves Mersch, de Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank, an den Directoire vun der europäescher Zentralbank kënnt.

"Wa se dat net maachen, kënne se een anere siche fir d'Presidence vum Eurogrupp."

Et ass Spunien dat um Freideg nach d'Decisioun blockéiert huet. Decisioune mussen an den nächsten Deeg geholl ginn, spéitstens awer den 9te Juli am nächsten Eurogrupp.

D'Mandat vum Jean-Claude Juncker geet de 17. Juli op en Enn.

Um Sommet war nach emol riets iwwer Finanztransaktiounssteier
Et ass festgehal ginn, datt déi Länner déi se wëllen aféieren, dat och kënne maachen.
Lëtzebuerg wäert zu dësem Ament net do mat maachen, well London och net op dee Wee wëll goen. Et misst soss gefaart ginn, datt wichteg Standbee vun der lëtzebuerger Finanzplaz géifen ofwanderen an dat soll dem Jean-Claude Juncker no op kee Fall riskéiert ginn.

Prinzipiell wier hien awer net géint esou eng Steier op Finanztransaktiounen.

Diskussiounsronn iwwert de Lëtzebuerger Indexsystem

Am Kader vun de lännerspezifesche Recommandatioune vun der Kommissioun ass et nach emol ëm de lëtzebuerger Indexsystem gaang.

De Premier huet déi spezifesch Recommandatioun net ugeholl.

D’Kommissioun huet dem Jean-Claude Juncker no, net berücksichtegt, datt zu Lëtzebuerg d’Indexlegislatioun schonn amendéiert gouf, an  eng weider Gesetzesännerung géif net a Fro kommen !



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!